Bléck op de Weekend: Summerlech Temperaturen an zäitweis naass

De Weekend gëtt et e bësse méi onbestänneg. Aus aktueller Siicht gesi kënnen eis nämlech zwou Kalfronte passéieren, déi d’Reewarscheinlechkeet an d’Luucht drécken.

leschten Update: 24. Juli 2020 – 03:26 Auer

Reewarscheinlechkeet, mee summerlech Temperaturen

Trotz der Reewarscheinlechkeet, déi de Weekend erëm liicht an d’Luucht goe wäert, ass weiderhi mat summerlechen Temperaturen ze rechnen. Haaptsächlech an der Südhallschent vum Land, laanscht d’Musel, si Wäerter vun iwwer 25 Grad am warscheinlechsten. D’Reequantitéite wäerte net all ze grouss ausfalen a kënne sech vu Plaz zu Plaz och mol méi staark ënnerscheeden.

Freiden, 24. Juli 2020

De Freidemoien ass et staark wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad, e Frontesystem passéiert eis. Am Virmëtte bleift et staark wollekeg, mee meeschtens dréchen. D’Temperature klammen op 15 bis 21 Grad. Mëttes an am Nomëtte ginn d’Wolleke manner déck, dotëscht kënnt sech d’Sonn weisen. Et gi Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad areecht, eng Schauer oder och e lokalt Donnerwieder si net onméiglech. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen, an de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 12 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Samsden, 25. Juli 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 23 Grad erop. Duerch eng Waarmfront kann et erëm zu lokalen a schwaache Nidderschléi kommen. Mëttes an am Nomëtte bleift dëst weiderhin esou, dat bei Maximaltemperature vun 22 bis 27 Grad. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West- Südwesten, an de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Trotz der Schauerwarscheinlechkeet kënnt sech d’Sonn tëschenduerch weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 14 Grad zréck, duerch eng Kalfront kann et elo méi groussflächeg reenen, haaptsächlech an der zweeter Nuetshallschent.

Sonnden, 26. Juli 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens bedeckt an et ka nach zu liichte Nidderschléi kommen, dat duerch eng Kalfront. D’Temperature leien tëscht 15 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 22 Grad erop. Et gëtt e bësse manner wollekeg, e puer Drëpse si nach méiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis méisseg aus Westen. An de Spëtzte kënne 50 km/h areecht ginn. D’Sonn kënnt sech tëscht de Wolleke weisen an et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 12 Grad zréck, et si nach e puer Wolleken ënnerwee, woubäi et awer dréche bleiwe sollt.