Bléck op de Weekend: Temperature ginn zréck, kleng Reewarscheinlechkeet

Nodeems eis um Donneschden Temperature vu plazeweis bis zu 36 Grad erwaarde, ginn d’Temperaturen um Weekend selwer awer erëm zréck. Just mat Chance kënnt et plazeweis zu Reen.

De Weekend iwwer gewënnt de méi déiwe Loftdrock erëm un Iwwerhand, iwwerdeems méi kill Loftmassen aus dem Weste wéi och Nordwesten op Lëtzebuerg gedroe ginn.

Freiden, 21. August 2020

De Freidemoien ass et wollekeg, d’Temperature leien tëscht 20 an 23 Grad a klammen am Virmëtten op 21 bis 26 Grad erop. Et bleift wollekeg, mee trotzdeem sollt et op den allermeeschte Plazen dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 24 bis 30 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte gi 45 km/h areecht. Et ass ëmmer nach wollekeg, tëschenduerch sinn awer sonneg Momenter méiglech. Et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 15 Grad zréck, et gëtt lues a lues manner wollekeg.

D’Loftmasseverdeelung bis de Méinden (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 22. August 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 22 Grad erop. D’Sonn weist sech bei e puer harmlose Wolleken. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass e mat méissege 50 km/h ënnerwee. Et gëtt méi wollekeg, et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 13 Grad zréck, et zéien eng Partie Wolleken duerch.

Sonnden, 23. August 2020

De Sonndemoien ass et wollekeg mee dréche bei 13 bis 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 20 Grad erop, et kann zu ganz vereenzelte Schauere kommen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzte gi 45 km/h areecht. Et zéie weiderhin eng Partie Wolleken duerch, wou sech d’Sonn awer och niewebäi weise komme kann. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 8 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.