Bléck op de Weekend: Temperature klammen a Richtung Sonnde rem liicht

De Weekend iwwer ass nach net mat all ze grousse Changementer ze ännere. Mir leien ëmmer nach ënnert der Westwiederlag.

Tendenziell bësse méi waarm, a Richtung Sonnde manner oft naass

D’Westwiederlag wäert de Weekend iwwer unhalen. A Richtung Sonnde kënnen d’Temperaturen awer rem e klengt Stéck klammen a wéi et schéngt, kéint et bis dohin och net méi grad esou oft naass ginn. Och de Wand schéngt sech da lues a lues ze leeën.

Freiden, 01. Mee 2020

De Freidemoien ass et meeschtens gro, dat duerch Wolleke mee och eenzel Niwwelfelder. Liicht Nidderschléi si méiglech, d’Temperature leien tëscht 1 a 5 Grad am Norde, soss oft bei 3 bis 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 8 bis 11 Grad erop, et ass weiderhi mat Schaueren ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist stramm aus Südwesten. An de Spëtzte kënne 55 km/h optrieden. Schauere bleiwe weiderhin en Thema, tëschenduerch kann och e Wieder net ganz ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 5 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi drëchen – et zéien awer ëmmer nach eng Partie Wolleken duerch.

D’Grousswiederlag bis de Méindemoien (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 02. Mee 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 12 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten ass et meeschtens wollekeg, dobäi sinn eenzel Schauere méiglech. Et besteet och rem e minimale Wiederrisk. 11 bis 16 Grad ginn areecht, de Wand bléist ëmmer nach spierbar aus West- Nordwest mat Spëtzte vu 50 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 1 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Duerch Nätzt déi fréiert si glat Stroosse net onméiglech.

Sonnden, 03. Mee 2020

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, Niwwelfelder si lokal ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 13 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gëtt et méi wollekeg, dotëscht ka sech d’Sonn awer nach heiansdo weise kommen. Et sollt drëche bleiwen, dat bei Maximaltemperature vu 14 bis 18 Grad. De Wand bléist schwaach aus West- Südwest mat Spëtzte vu 25 km/h. Um Owend an an der Nuecht zéie weiderhin eng Partie Wolleken duerch, et sollt awer drëche bleiwen. D’Temperature falen op 9 bis 6 Grad.