Bléck op de Weekend: Temperature klammen op ëm 27 Grad, dobäi meeschtens dréchen

An Tëschenzäit huet, wéi virausgesot, den héije Loftdrock erëm kuerzzäiteg d’Soen iwwert eist Wieder. Et bleift gréisstendeels dréchen an et gëtt nach eng Kéier spéitsummerlech waarm – genéisst et awer nach eng Kéier.

Titelbild-Hannergrond: zoom.earth

Advertisement

D’Grousswiederlag

Den Héichdrockafloss ass zwar net de stäerksten, an awer geet et de Weekend iwwer dofir duer dass déiwe Loftdrock kuerzzäiteg keen all ze groussen Afloss wäert op eis hunn. Den Zentrum vum Héich läit iwwert dem Oste vum Kontinent, iwwerdeems bis e Samsden aus den Alpen eraus awer eppes wéi eng “Héichdrockbréck” zustane kënnt, déi eben och Lëtzebuerg beaflosst. Am Laf vum Sonnden verlagert sech den héije Loftdrock nach méi wäit an den Osten, resp. een Deel dovun och a Skandinavien. Zur selwechter Zäit dréckt aus Südwesten erëm déiwe Loftdrock eran, soudass et erëm méi variabel bei eis gëtt. Dëst dierft een awer eréischt e Sonndenowend oder e Méindemoien esou richteg spieren.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, deels sinn och méi kompakt Wolleke mat dobäi. D’Temperature starte bei tëscht 7 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 20 a 23 Grad an der Nordhallschent, am Süde gi 24 Grad ugesteiert. Virun allem laanscht d’Musel kënne 25 Grad dobäi sinn.

E Samsden erreechen eis nach e bësse méi waarm Loftmassen. Moies geet et mat 10 bis 14 Grad un, ier am Nomëtte Maximalwäerter vun tëscht 24 a 26 Grad erreecht ginn. Laanscht eis Musel kéint et fir 27 Grad duergoen. En änlechen Dag erwaart eis e Sonnden, wou mir mat 12 bis 14 Grad an den Dag erastarten an et duerno op e Maximum vun tëscht 24 a 27 Grad packen.

Ofgesinn vun den Temperature gëtt et e Sonnden awer ëmmer méi wollekeg. En Déifdrockgebitt, wat de Weekend virun der Küst vu Spuenien a Portugal läit, kéint eis nämlech an der Nuecht op e Méinden oder och um Méindemoie selwer eng Front mat Donnerwieder op Lëtzebuerg schécken. Dozou awer an engem aneren Artikel méi.