Bléck op de Weekend: Temperature klammen op iwwer 20 Grad

De Weekend gëtt et manner naass a virun allem rem méi waarm. D’Temperature kënnen op iwwer 20 Grad klammen.

Manner Reen a méi waarm

De Weekend geroode mir fir eng kuerz Zäit mol rem e bësse méi ënner Héichdrockafloss. Et reent also manner an et gëtt haaptsächlech méi waarm. D’Temperature packen et op iwwer 20 Grad, eventuell ka lokal un de 24 Grad gekrazt ginn. Ze verdanken hu mir dat ganzt déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an engem Héich iwwert den Alpen/Italien. Duerch dëse Setup gi méi waarm Loftmassen aus dem Südweste vun Europa an eis Géigende gelenkt.

Freiden, 11. Oktober 2019

De Freidemoien ass et wollekeg, och Niwwelfelder kënnen optrieden. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 15 Grad erop. Et ännert sech nach net vill um Gesamtbild. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 14 bis 19 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h dobäi. Et si nach vill Wolleken ënnerwee, vum spéidere Nomëtten un ännert sech dat awer a klenge Schrëtt. Um Owend kann d’Sonn mat Chance nach duerchkommen, ier se ënnergeet. An der Nuecht falen d’Temperaturen op 12 bis 7 Grad, et kläert op.

Video vum 09. Oktober 2019

Samsden, 12. Oktober 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 9 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 14 bis 17 Grad erop. Et bleift weiderhi liicht wollekeg, soudass d’Sonn sech weise komme kann. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 22 Grad areecht, de Wand bléist rem spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat bis zu 45 km/h dobäi. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, allerdéngs sollt sech d’Sonn tëschenduerch nach weise kommen. D’Schauerwahrscheinlechkeet ass nëmme minimal, et sollt also drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 8 Grad zréck, et si nëmmen e puer Wolleken ënnerwee. Et bleift drëchen.

Sonnden, 13. Oktober 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, Fisemreen ass net ganz auszeschléissen. Den Héichdrockafloss kënnt also scho sou lues un d’Wacklen. D’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 14 bis 18 Grad erop, et ännert sech net vill. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 50 km/h. Et si vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn weist sech awer och nach tëschenduerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, aus Weste kommen déck Wolleken eragezunn, déi eis an der zweeter Nuetshalschend Reen brénge wäerten.