Bléck op de Weekend: Tendenziell manner oft naass, kill Nuechten

De Weekend iwwer gerode mir ënner liichten Héichdrockafloss, wouduerch et dagsiwwer mol net méi grad sou gro ass. An de Nuechte ginn d’Temperaturen e gutt Stéck zréck.

fir d’lescht aktualiséiert: Donneschden, 08. September 2020 – 20:05 Auer

De Weekend kréie mir et mat net esou déifdrockdominantem Wieder ze dinn, wéi mir et elo schonn eng gutt Zäit hunn. Mir geroden ënner liichten Héichdrockafloss, duerch deen et net méi grad esou oft reent. Och déi déck Wolleke ginn e bësse méi dënn a lossen och mol méi sonneg Momenter zou. An de Nuechte kann déi méi dënn Wollekendecken dozou féieren, dass et plazeweis nawell gutt ofkille kann.

Freiden, 09. Oktober 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 15 Grad erop. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 16 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte si 35 km/h ze erwaarden. Et sinn ëmmer nach eng ganz Partie déck Wolleken ënnerwee, déi eis weiderhi Reen bréngen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi dréche mee et bleift wollekeg.


De Weekend iwwer komme méi kill Loftmassen eragefloss. | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 10. Oktober 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et ass awer net mat Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 10 Grad erop. Et gëtt manner wollekeg, souguer sonneg Momenter sinn ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op Maximalwäerter vun 8 bis 13 Grad, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Am weidere Verlaf vum Nomëtte kommen erëm e puer méi Wolleken op, duerch déi d’Schauerwarscheinlechkeet liicht an d’Luucht geet. Naass gëtt et awer héchstens lokal begrenzt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 2 Grad zréck, et ass mat e puer Niwwelfelder ze rechnen.

Sonnden, 11. Oktober 2020

De Sonndemoien ass et wollekeg an et ass mat e puer Schaueren ze rechnen, d’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 8 Grad erop. Et ass ëmmer nach meeschtens gro an och plazeweis naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 12 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Am spéidere Nomëtte ginn d’Wolleke manner déck, d’Sonn kënnt sech ëmmer besser weisen. Déi lescht Schauere si méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 4 Grad zréck, et kläert fir eng kuerz Zäit op.