Bléck op de Weekend: Ufanks bis zu 19 Grad, vum Sonnden u rem méi kill

De Weekend iwwer installéiert sech e massivt Héichdrockgebitt iwwert dem nërdlechen Atlantik, wouduerch däitlech méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt ginn. Dëst wäert awer haaptsächlech réischt vum Sonnden un de Fall sinn. Virdéischt gëtt et richteg mëll zu Lëtzebuerg.

Et gëtt awer net nëmme méi wollekeg a méi fiicht (op mannst an der Atmosphär), mee och rem méi waarm. An de Nuechte kënnt et also op vill manner Plazen zu Frascht an dagsiwwer kënne rem Maximaltemperature vun däitlech iwwer 15 Grad areecht ginn. Op de wäermste Plaze kann et bis op 19 Grad eropgoen.

Freiden, 27. Mäerz 2020

De Freidemoien ass den Himmel meeschtens kloer, Niwwelfelder sinn awer och net auszeschléissen. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad, lokal begrenzt kéinte glat Stroossen optrieden. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 5 bis 8 Grad erop, d’Sonn kënnt sech rem meeschtens weisen. Mëttes an am Nomëtte kommen e puer Wolleken dobäi, wouduerch mir et mat engem frëndleche Sonn- Wollekemix ze di kréien. Et misst dobäi drëche bleiwen, dat bei Maximaltemperature vun 12 bis 17 Grad. De Wand bléist spierbar aus Ost- Nordosten a packt et op 40 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et si just e puer eenzel Wolleken ënnerwee. An den Däller si Niwwelfelder méiglech.

De Verlaf vun de Loftmasse vum Freide bis de Sonndenowend (ECMWF – wxcharts.com)

Samsden, 28. Mäerz 2020

De Samsdemoien ass den Himmel rem meeschtens kloer, dat bei Temperaturen déi tëscht 5 a 7 Grad leien. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 9 bis 11 Grad erop, et gëtt minimal méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 1 Grad zréck, et sinn e puer Wolleken ënnerwee. Och Niwwelfelder kënnen haaptsächlech mol an den Däller optrieden.

Sonnden, 29. Mäerz 2020

De Sonndemoien ass et nach liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -3 a -1 Grad a klammen am Virmëtten op -2 bis 3 Grad erop. Lokal kann et zu glate Stroosse kommen. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Wäerter net méi wäit wéi 4 bis 9 Grad, et bleift dobäi meeschtens gro. De Wand ass och rem méi frësch ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 55 km/h aus Nordosten. Am Laf vum Owend verzéie sech d’Wolleken ëmmer méi a Richtung Südosten aus dem Land eraus, an der Nuecht ass et dowéinst rem gréisstendeels kloer. D’Temperature falen op -1 bis -3 Grad.