Bléck op de Weekend: Um Sonnde kéint un den 20 Grad gekrazt ginn!

Nodeems mir et bis de vergaangene Samsde nach mat Dauerfrascht ze dinn haten, stinn elo Temperature vu gutt iwwer 15 Grad um Programm. Deemno wéi kéint un den 20 Grad gekrazt ginn.

Grouss Kontraster an der Wiederwelt

De vergaangene Weekend ass eng bal eng wécheg Dauerfraschtphas op en Enn gaangen. Wann ee sech d’Wiedermodeller elo ukuckt, da géif een dat awer net behaapten. Et geet mat Vollgas an déi aner Richtung: eenzel Modellrechnunge wëlle laanscht d’Musel esouguer Temperature vu bal 20 Grad net ausschléissen. Mee wéi kënnt et eigentlech dozou?


Eng mëll Südweststréimung bréngt eis iwwerduerchschnëttlech waarmt Wieder op Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

Eis Grousswiederlag stellt sech ëm. Vu muer un etabléiert sech ëmmer méi eng südwestlech Stréimung, déi eis waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och aus dem nërdlechen Afrika op Lëtzebuerg bréngen. Zustaane kënnt dëst duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent.

Freiden, 19. Februar 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 3 bis 6 Grad erop. Et ännert net vill, soubal de Niwwel fort ass ka sech d’Sonn ëmmer méi weise kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. De Niwwel kéint méi zéi sinn, resp. d’Wollekefelder. Dotëscht sollt sech d’Sonn awer heiansdo weise kommen, Nidderschléi bleiwe wäitgoend aus. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, et gëtt erëm méi wollekeg resp. et si Niwwelfelder méiglech.

Samsden, 20. Februar 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 11 Grad erop. Et gëtt ëmmer manner gro, d’Sonn kritt sech besser duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 15 bis 18 Grad ze erwaarde, bei ville sonnege Momenter blieft et frëndlech. De Wand bléist spierbar aus Süden, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h dobäi. Et bleift frëndlech an dréchen – et ass iwwerduerchschnëttlech waarm fir d’Joreszäit. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 7 Grad zréck, et bleift frëndlech a nëmme liicht wollekeg bis hin zu kloer.

Sonnden, 21. Februar 2021

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens kloer, hei an do ass nach en eenzelt Niwwelfeld méiglech. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 11 Grad erop. Et bleift frëndlech a meeschtens liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 16 an 18 Grad ze rechnen, laanscht d’Musel sinn esouguer bis zu 19 Grad net ausgeschloss. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 6 Grad zréck, et bleift kloer bis liicht wollekeg. A Richtung fréie Méindemoie kéinte lokal Niwwelfelder opzéien.