Bléck op de Weekend: Um Sonnde lokal bis zu 17 Grad dran

De Weekend iwwer gëtt et e gutt Stéck méi waarm. De Sonnde si souguer lokal bis zu 18 Grad net onméiglech. Mat dobäi kënnt awer och rem e spierbare Wand.

Mëll Temperaturen duerch südwestlech Stréimung

Duerch héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmier an déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik gerode mir ënnert eng mëll a fiicht Südweststréimung. Et gëtt also e gutt Stéck méi waarm bei eis, fir genee ze sinn ze waarm fir d’Joreszäit. Wanterlecht Wieder huet de Weekend iwwer also keng Chance. Haaptsächlech um Sonnde gëtt et rem méi lefteg bis potenziell stiermesch, et sollt eis awer näischt erwaarde wat mam SABINE ze vergläichen ass.

Freiden, 14. Dezember 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter net vill méi wäit, et bleift meeschtens gro mee awer och drëchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Südweste mat Spëtzte vu 35 km/h. Et bleift wollekeg, reene sollt et awer net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, et ass mat Niwwelfelder ze rechnen. Et kann allerhéchstens mol zu Fisemreen kommen.

D’Temperaturanomalie iwwert de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 15. Februar 2020

De Samsdemoien ass et méi oft niwwleg, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 8 Grad erop. Et ännert sech nach net all ze vill. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte si Wäerter vu is zu 50 km/h dobäi. Haaptsächlech am Nomëtte ka sech d’Sonn tëscht de Wolleke weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg. Haaptsächlech an der zweeter Nuetshalschend kommen aus westleche Richtunge Nidderschléi an d’Land gezunn.

Sonnden, 16. Februar 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens gro, eenzel Nidderschléi si méiglech. D’Temperature leien tëscht 7 an 11 Grad. Am Virmëtte gëtt et rem méi drëchen, et bleift awer bedeckt. D’Temperature klammen op 9 bis 13 Grad. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 16 Grad areecht, lokal begrenzt kann et souguer bis op 17 Grad eropgoen. De Wand gëtt no a no méi staark, et ass mat Vitesse vu bis 75 km/h ze rechnen. Et bleift nach drëchen. Um Owend an um spéideren Owend kënne Wandvitesse vun tëscht 75 a 85 km/h areecht ginn, op exponéierte Plazen och mol 90 km/h. Eppes schlëmmes sollt eis awer net bevirstoen. An der Nuecht gëtt de Wand scho méi schwaach, genee dann wann de Reen an d’Land eragezu kënnt.