Bléck op de Weekend: Variabel an deels méi lefteg Phasen

De Weekend iwwert bleift dat hierschtlecht Wieder zu Lëtzebuerg. Duerch de méi markanten Déifdrockafloss sinn och deels méi lefteg Ofschnëtter ze erwaarden.

Keng gréisser Ännerung am Géigesaz zu de leschten Deeg

Och de Weekend iwwer bleiwe mir ënner Déifdrockafloss. Ëmmer erëm kann et mol naass ginn an zäitweis hu mir et och mol mat engem méi markante Wand ze dinn.

Freiden, 02. Oktober 2020

De Freidemoien ass et staark wollekeg, et bleift awer nach meeschtens dréchen. D’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 13 Grad erop. Lues a lues gëtt et erëm méi naass an et bleift gro zu Lëtzebuerg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 17 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost- Südosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi reenereg, an dat groussflächeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et gëtt no a no méi dréchen. D’Wolleken hale mir awer nach bei eis.


Vun der Grousswiederlag hier erwaart eis en turbulente Weekend. | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 03. Oktober 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtte net méi wäit. Aus Weste kënnt weidere Reen an d’Land eragezunn, dat och erëm groussflächeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Süden. An de Spëtzte packt en et op 45 km/h, an der Moyenne ass e mat 20 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleke gëtt et manner reenereg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, de Reen kënnt séier erëm. Dëse ka punktuell och méi kräfteg ausfalen.

Sonnden, 04. Oktober 2020

De Sonndemoien ass et staark wollekeg, dobäi ass mat liichtem Fisemreen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 7 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 12 Grad erop. Et bleift staark bedeckt a naass, de Wand frëscht ëmmer méi op a packt et an de Spëtzten op 65 km/h. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 10 bis 14 Grad ze rechnen. De Wand bléist weiderhi spierbar bis stramm aus Süden, an de Spëtzten ass en ëmmer nach mat bis zu 60 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, neie Reen kënnt aus Westen an d’Land eragezunn.