Bléck op de Weekend: Vill Sonn & lokale Frascht

Mëttlerweil leie mir ënner stabilem Héichdrockafloss, waat eis daat schéint Hierschtwieder bréngt. Och de Weekend schéngt e richteg agréablen ze ginn.

Kill Nuechte, vill Sonn am Dag

Den Hierscht weist sech an dësen Deeg vu sénger schéinster Säit. Et ass schéi sonnëg, de Niwwel léist sech an de Moiesstonne séier op an d’Temperature klammen en e vir d’Joereszäit agréable Beräich. Um Weekend si keng gréisser Ännerungen ze erwaarden. Dëse kucke mir eis elo mol der Rei no un.

De Freide wärt aus aktueller Siicht gesinn den eenzegen Dag sinn, wou méi Wollécken ënnerwee wärte sinn. De Risk vu Reen bleift dobäi awer zimmlech niddrëg, soudass et éichter drëche bleiwe sollt. Vir unzefänken ass et de fréie Freidemoie kloer bis liicht wolléckeg, Niwwelfelder triede virun allem op Koppen oder Däller op. D’Temperature leien zwësche 4 an 8 Grad am Norden, am Süde gi plaatzeweis 10 Grad gemooss. Am Laaf vum Virmëtte klammen d’Werter op 11 bis 15 Grad erop an de Niwwel léist sech lues awer sëcher op. Um Mëtte kommen déi ugeschwaate Wollécken an d’Land eragezunn, déi de Reerisk awer just minimal uklamme lossen. Et gi Maximalwerter vun 11 bis 16 Grad ereecht. Um Owend an an der Nuecht gëtt et rem ëmmer manner wolléckeg, wann de Niwwel net ze vill stéiert sinn d’Stären ze gesinn. D’Temperature faalen op 6 bis 1 Grad.

 

Liichte Changement um Sonndënowend

De Samsde si rem am grousse ganze manner Wollécken ënnerwee an d’Sonn huet d’Iwwerhand. Um Moien ass et kloer, dobäi si rem eenzel Niwwelfelder ze erwaarden. D’Temperature leien zwëschen 1 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 9 bis 12 Grad erop an de Niwwel léist sech lues awer sëcher op. Mëttes an am Nomëtte hu mir et mat vill Sonn a nëmmen e puer klenge Wollécken ze dinn. D’Temperature packen et op hierschtlech 12 bis 16 Grad. Um Owend an an der Nuecht bleift et kloer an et steet rem Niwwel um Programm bei 7 bis 0 Grad. Plaatzeweis zitt et un, wouduerch glaat Stroosse net onméigleg sinn.

De Sonndë fänke mir rem mat engem kloeren Himmel un, d’Temperature leien tësche 0 a 6 Grad. Glaat Stroosse kënne lokal tatsächlech net ausgeschloss ginn. Am Virmëtte klammen dës Werter op 9 bis 13 Grad erop a wa Niwwel entstaanen ass, léist dëse sech op. Mëttes an am Nomëtte si just e puer vereenzelt Wollécken ze gesinn, d’Temperature packen et op 14 bis 17 Grad. Um Owend an an der Nuecht komme Wollécken aus nördleche Richtungen eragezunn, déi laut aktuelle Berechnungen déi eng oder aner Schauer provozéiere kéinten.