Bléck op de Weekend: Vu bal 30 Grad erof op 23 Grad

Bis de Samsden erwaarden eis nach Maximaltemperature vun ëm 30 Grad. Vum Sonnden un schwächelt den Héichdrockafloss awer sou lues.

Sonn- Wolléckemix bis de Sonnden

De Sonnde kommen aus nordwestleche Richtunge méi kill Loftmassen an eis Géigende gefloss, soudass engersäits d’Temperature net méi sou héich klamme wärten an anerersäits eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Schauere klamme wärt. Et wärt awer nëmmen op ganz enk begrenzter Basis kënne naass ginn, groussflächege Reen ass also net dran.

Freiden, 05. Juli 2019

De Freidemoien ass et méi oft wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 10 an 12 Grad an den Däller. Am Rescht vum Land ass mat 15 bis 19 Grad ze rechnen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 21 bis 25 Grad erop, d’Wolléckendecke gëtt méi dënn an d’Sonn kënnt ëmmer besser duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 26 bis 30 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass mat 35 km/h ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht klärt et ëmmer méi op, d’Temperature falen op 17 bis 8 Grad.

Video vum 05.07.2019

Samsden, 06. Juli 2019

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg an d’Sonn ass ze gesinn, d’Temperature leien tëschen 12 a 14 Grad an den Däller. Op anere Plaaze gi scho 17 bis 21 Grad gemooss, d’Sonn kritt sech besser duerchgesaat. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 26 bis 29 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Westen a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Sonn a Wollécke wiessle sech of, et bleift drëchen. Um Owend an an der Nuecht kommen eng Partie Wollécken an d’Land eragezunn, déi d’Schauerwahrscheinlechkeet liicht klamme lossen. Et sollt awer op de mannste Plaazen dozou kommen, d’Temperature ginn op 15 bis 10 Grad zréck.

Sonnden, 07. Juli 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, ganz vereenzelt Schauere kënne lokal optrieden. D’Temperature leien tëschen 10 a 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 15 bis 20 Grad erop, et bleift nach oft wolléckeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzte ginn em 40 km/h areecht. D’Wollécke ginn ëmmer manner déck an d’Schauerwahrscheinlechkeet geet zréck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 6 Grad zréck, den Himmel ass nëmme nach liicht wolléckeg bis lokal souguer kloer.