Bléck op de Weekend: Temperaturréckgang & Warscheinlechkeet vu Schliet

Nach ginn eis héichsummerlech Loftmassen zougespillt. Eng Stréimung, déi awer scho gläich rem ënnerbrach gëtt.

Temperaturréckgang a Siicht

Um Freide sinn mat bis zu 32 Grad déi warscheinlech héchst Temperature vun der Woch ze erwaarden. Zimmlech séier ass awer scho mat Quellwolleken ze rechnen, duerch déi et zu éischte Schaueren an och Wiedere komme kann. An den Deeg drop si weiderhin eenzel Schliet méiglech, sonneg Momenter sinn awer och nach dobäi. D’Temperature falen op ënner 30 Grad.

Freiden, 26. Juni 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 18 an 20 Grad a klammen am Virmëtten op 23 bis 27 Grad erop. Et gëtt spierbar däitlech méi schmeier wéi um Donneschden. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 27 bis 32 Grad ze rechnen, dobäi bléist e spierbare Wand aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Schon am fréie Nomëtte kënne sech am Beräich vun enger Konvergenzzon Schauer- an Donnerwiederzellen an eiser Ëmgéigend forméieren. Am Fall vun engem Wieder réckt haaptsächlech d’Warscheinlechkeet vu Staarkreen an de Fokus, niewebäi besteet och de Risk vu Knëppelsteng a stiermësche Wandstéiss. Et trëfft awer, wéi ëmmer, net jiddereen d’selwecht Intensiv. Um Owend an an der Nuecht kënnen aus Frankräich ëmmer nach eenzel Schliet nokomme, wou et haaptsächlech zu Staarkreen komme kann. D’Temperature ginn op 18 bis 15 Grad zréck.

Samsden, 27. Juni 2020

De Samsdemoien ass et staark wollekeg, eng Kalfront läit iwwert eis. E Wieder ka net ausgeschloss ginn, d’Temperature leien tëscht 17 an 20 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 20 bis 23 Grad erop, et bleift gro an et kënnt zu Schaueren. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 27 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West- Südwesten an areecht 45 km/h an de Spëtzten. Sonn a Wolleke wiessle sech of, tëschenduerch ka mol nach e Schluet erofkommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 14 Grad zréck, trotz ville Wolleke misst et dréche bleiwen.

Sonnden, 28. Juni 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 21 Grad erop, et bleift wollekeg an et kënne ganz vereenzelt mol Schaueren optrieden. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzten huet e 45 km/h drop. Trotz ville Wolleke bleift et elo meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, et bleift wollekeg an och Niwwelfelder si méiglech.