Bléck op de Weekend: Wiederrisk a manner waarem

Op ville Plaatze goufen dës Woch Temperature vun em déi 30 Grad ereecht. De Weekend faalen d’Werter awer rëm e bessen an et gesellt sech e Risk vu Schaueren a Wiederen dobäi.

Video vum 18. Juli 2018

Temperature gi liicht zréck, klenge Wiederrisk

Um Freide steet Lëtzebuerg ënnert dem Afloss vu fiichtwaarme Loftmassen. Vun de Nomëttesstonnen un besteht doduerch dann och d’Wahrscheinlechkeet vu lokal begrenzte, mee deels kräftëge Schaueren oder Donnerwiederen. Am Fall vun engem Donnerwieder kënnt et virun allem zu staarkem Reen. Niewebäi besteht just eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Knëppelsteng a Wandstéiss. Well den Héichtewand nëmme schwaach ass, wärte sëch dës Zelle nëmme lues vu Plaatz beweegen. Doduerch kann et zu gréissere Reequantitéiten a kuerzer Zäit kommen. Schlied trieden awer, wéi gesoot, just lokal op. Et wärten also vill Géigenden dobäi sinn, wou et leider drëche bleift. De Reen ass mëttlerweil, opgrond vun der liichter Drëchent, néidëg.

Um Samsde si nach e puer méi déck Wollécken ënnerwee, niewebäi kënnt sech d’Sonn awer weisen. De Risk vun enger Schauer oder engem Donnerwieder ass méi kleng, soudass et éichter drëche bleiwe sollt. D’Temperature packen et nach op 23 bis 26 Grad, soumadde wier daat de keelsten Dag vun der Woch. Um Sonndë si manner Wollécken ënnerwee, d’Werter klamme rem op 27 bis 31 Grad erop. De geneeë Verlaaf vir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

Ufanks der neier Woch gëtt et rem méi waarem, am weidere Verlaaf ass eng markant Hëtztwell méigleg.