De Weekend iwwer zitt zwar och eng Kalfront iwwert eis ewech, mee wierklech an d’Waasser fale wäert e net.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Muer um Freide komme mir lues a lues enger Kalfront méi no, déi mol nach dobaussen iwwert dem Atlantik leie bleift.
De Samsdemoien erreecht se eist Land dann awer, ass am Nomëtten awer schonn erëm duerch. De Sonnde gerode mir ënner liichten Héichdrockafloss, wat a Saache Reen jo schonn mol gutt ass.
De Verlaf
Muer um Freiden ass et meeschtens wollekeg, d’Sonn kënnt sech just zäitweis weisen. Trotz dëse ville Wolleken bleift et awer meeschtens dréchen, d’Temperature packen et op 18 bis 22 Grad. Um Owend gëtt et eng kleng Chance dofir, dass sech d’Sonn e bësse besser weist. Och an der Nuecht selwer bleift et nach meeschtens dréchen.
Um Samsdemoien ass et wollekeg, dobäi ass mat Schaueren ze rechnen. Dës halen och iwwert de Virmëtten un a wäerte sech eréischt am Laf vum Nomëtten aus dem Land erausbeweegen. Nieft de Schauere kënnen och eenzel Dimmeren dobäi sinn. A Richtung Owend klammen d’Chancen op e puer sonneg Ofschnëtter, iwwerdeems et dréche bleift. Dagsiwwer gi 17 bis 22 Grad erreecht.
E Sonnde bleift et och erëm meeschtens dréchen, Sonn a Wolleke sinn am Wiessel. Bei 16 bis 21 Grad ännert sech wierklech net all ze vill un eisem Wieder, iwwerdeems d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer just kleng ass.