Bléck op de Weekend: Zäitweis naass an ëm 20 Grad

De Weekend wäerten eis oft méi déck Wollécken duerch den Dag begleeden, mee och sonnëg Momenter souwéi eenzel Schauere sinn ze erwaarden. D’Temperature klammen am Dag nëmme nach op ëm 20 Grad.

Duerch dat méi variabelt Wieder ass d’Wahrscheinlechkeet vu Schauere no enger méi laanger Zäit mol rem eng kéier erhéicht. Um Mëttwochowend (04. September 2019) konnt un der Météo Boulaide Wiederstatioun zanter zwou Wochen an dräi Deeg mol rem Reen registréiert ginn. Summerlecht Wieder wäert iwwert de Weekend keent optrieden: D’Temperature rëtschen ëmmer méi an de Beräich vun den 20 Grad, am Norde souguer liicht drënner.

Freiden, 06. September 2019

De Freidemoien ass den Himmel kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad an den Däller. Am Rescht vum Land ass mat tëscht 6 an 10 Grad ze rechnen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 12 bis 16 Grad erop, d’Sonn ass ëmmer nach ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte bleift dat nach eng Zäit sou, och wa no a no méi Wollécken hire Wee op Lëtzebuerg fannen. D’Temperaturen areechen e Maximum vun 18 bis 21 Grad, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. Virun allem um spéideren Owend gëtt et aus nordwestleche Richtunge méi gro, an der zweeter Nuetshalschend sinn och mol eenzel Schaueren dobäi. D’Temperature ginn op e Minimum vun 12 bis 9 Grad zréck.

Video vum 6. September 2019

Samsden, 07. September 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi sinn déi éischt Schauere méiglech. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 12 bis 15 Grad erop. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 14 bis 18 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte si bis 30 km/h ze erwaarden. Am weidere Verlaf vum Nomëtte sinn tëschenduerch och mol sonneg Momenter méiglech, eng kleng Wahrscheinlechkeet vun engem Dimmer ass awer och präsent. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, et bleift bedeckt mee et gëtt méi drëchen. Zumols an den Däller kënne Niwwelfelder optrieden.

Sonnden, 08. September 2019

De Sonndemoien ass et zimmlech gro, dobäi ass an den Däller mat Niwwel ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 14 Grad erop. Tëschenduerch kann et liicht reenen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 14 bis 18 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord- Nordwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Bei ville Wollécke kann et ëmmer nach zu lokale Schauere kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 5 Grad zréck, den Himmel gëtt ëmmer méi kloer.