Bléck op de Weekend: Zäitweis onbestänneg, mee lues a lues méi waarm

Déi zweet Wochenhalschend gëtt e bësse méi onbestänneg. Et besteet eng kleng Wahrscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren a Wiederen, woubäi et trotzdem op den allermeeschte Plazen drëche bleiwe sollt.

Trotz Wollécke méi waarm

Iwwert de Groussdeel vum Weekend bleift eng bestëmmt Wahrscheinlechkeet vu Schaueren a Wiedere bei eis zu Lëtzebuerg, zäitgläich ginn awer och waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt. D’Temperature klammen also a klengen Ofstänn, trotz méigleche naasse Momenter.

Freiden, 19. Juli 2019

De Freidemoie si vill Wollécken ënnerwee, dobäi besteet eng kleng Schauerwahrscheinlechkeet. D’Temperature leien tësche 15 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 19 bis 21 Grad. Et sinn ëmmer nach vill Wollécken ënnerwee, déi eng oder aner Schauer kann dobäi net ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 27 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 40 km/h. Et gëtt lues a lues manner wolléckeg an d’Sonn kritt besser Chancen, d’Schauerwahrscheinlechkeet geet och zréck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 11 Grad zréck, et kann opklären.

Video vum 17. Juli 2019

Vun der nächster Woch un gëtt et manner onbestänneg a méi sonneg. Wa sech d’Berechnunge vun de Modeller net méi all ze vill änneren, dann ass mat Temperature vun 30 Grad an däitlech driwwer ze rechnen. Ob et dëskéier rem fir 35 Grad duergeet? Mol kucken!

Samsden, 20. Juli 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 14 an 21 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op 23 bis 27 Grad erop, et gëtt lues a lues méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte klëmmt rem d’Wahrscheinlechkeet vun enger loakler Schauer, en Donnerwieder ass dobäi och net onméiglech. D’Temperaturen areechen e Maximum vun 23 bis 25 Grad, de Wand bléist zäitweis méisseg aus Südwesten a packt et op Spëtzte vu 50 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 12 Grad zréck, et gëtt manner wolléckeg. D’Temperature falen op 18 bis 12 Grad.

Sonnden, 21. Juli 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 14 an 20 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 20 bis 24 Grad erop, d’Sonn kënnt sech och weisen. Mëttes an am Nomëtte stellt sech e Sonn- Wolléckemix an, d’Temperature klammen op e Maximum vu 25 bis 30 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen, an de Spëtzten areecht en 35 km/h. Et sollt drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 9 Grad zréck, et kläert op.