A Richtung Mëtt der nächster Woch ereegent sech e fir d’Joreszäit markante Virstouss u waarme Loftmassen. Domat récken d’20°C a fläit och eppes driwwer erëm e gutt Stéck méi no.
Advertisement
Am Summer wieren et labber iwwer 30°C
Vum Méinden u stellt sech lues a lues eng Wiederlag an, duerch déi et erëm e gutt Stéck méi waarm zu Lëtzebuerg gëtt. An der Nuecht op e Mëttwoch soll d’Konstellatioun aus engem kräftegen Déif iwwert dem Atlantik an engem Héich iwwert dem Oste vun Europa komplett sinn: Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitter mat der Auer ginn aus dem Mëttelmierraum waarm Loftmassen ugezapt an op Lëtzebuerg bruecht. Dat kann ee sech ongeféier esou virstellen, wéi wann een en dënne Fuedem tëscht zwee Zännrieder klemmt an se dann dréine léisst. De Fuedem ass an dësem Beispill d’Wiermt.
Verschidde Modeller rechnen an enger Héicht vun 1,5 Kilometer mat Temperature vu 16 bis deels 20°C – hätte mir elo ëmmer nach Juli oder August, dann hätt eis dës Loftmass däitlech méi wéi 30°C hei ënnen um Buedem bruecht. Aktuell ass dat duerch de Sonnestand, deen op d’Joreszäit zréckzeféieren ass, awer net méi méiglech.
Wéi héich kënnen d’Wäerter da klammen?
Dem momentane Stand no gëtt et zwar och schonn um Méinde net méi esou kill, an awer sollte sech d’Wäerter mat maximalen 14°C nach “a Grenzen” halen. Fir en Dënschde rechent schonn eng gréisser Unzuel u Modeller mat Wäerter vun tëscht 14 a 17 Grad, ier de Maximum e Mëttwoch tëscht 18 an 21 Grad leie soll. Eenzel Modeller, wéi beispillsweis den europäeschen ECMWF, sinn immens optimistesch: Dëse no kéinte mir laanscht den äusserste Südoste vum Land esouguer erëm un den 23 oder 24°C krazen. Op d’mannst emol aus aktueller Siicht gesinn sinn dës Ausräisser awer als éischter onwarscheinlech unzegesinn, mee ebe net onméiglech.
An den Deeg drop géifen déi waarm Loftmassen erëm lues a lues aus dem Land verdrängt ginn. En abrupte Schluss, wéi beispillsweis duerch eng Kalfront, sollt also net ustoen, wat gutt ass: An de vergaangene Wochen a Méint sinn doduerch ëmmer déi meescht markant Wiederlagen an Donnerwieder opgetrueden.