Bléck op de Weekend: Net vill naasses, spéider méi mëll

Den éichte Weekend vum Joer steet virun der Dier. All ze vill därf ee sech vun dësem allerdéngs net erwaarden: et ass mat rouëgem Wieder ze rechnen.

Tëschent de Fronten

E kräftëgt Héich iwwert de britëschen Inselen an en Déif iwwer Osteuropa bestëmmen eist Wieder dëse Weekend. Dotëschent gi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert, déi awer am Laaf vum Weekend selwer ëmmer méi mëll wärte ginn. Déi richtëg knackëg Keelt gëtt iwwert dem Osten erwaart a betrëfft Lëtzebuerg soumadde net. Mir kréien et also mat meechtens rouëgem, mee awer zäitweis liicht naassem Wieder ze dinn. Opgrond vun den Temperature wärt och mol schwaache Schnéifall dobäi sinn, dee kee gréisseren Effekt wärt hunn – vun engem Wanterabroch mat zentimeterhéigem Schnéi ass dëst nach ganz wäit fort.

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche -1 an 1 Grad. Glaat Stroosse souwéi lokale Niwwel si méigleg. Am Virmëtte klammen dës Werter op 0 bis 2 Grad erop, et ännert nach net all ze vill. Wann de Niwwel fort ass kéint sech d’Sonn souguer kuerz weise kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 1 bis 5 Grad ereecht, de Wand bléist spierbar aus Nordwesten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Et gëtt ëmmer méi bedeckt, zumools am spéidere Nomëtte si Schnéischauere méigleg. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëschen 2 a 4 Grad an, Schnéiflacke, mee awer och Schnéireen oder nëmme Reen, sinn ze erwaarden.

Samsden, 05. Januar 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi ass mat liichtem Reen ze rechnen. Zumools op de Koppe ka sech mol eng kleng Flack dotëschentdrécke bei Temperaturen, déi uechtert Land tëschen 2 a 4 Grad leien. Am Virmëtte klammen dës Werter op 2 bis 5 Grad erop, et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte packen et d’Temperaturen op 4 bis 7 Grad, de Wand bléist frësch aus Nordwesten. An de Spëtzte si 50 km/h ze erwaarden, dobäi sollten déi schwaach Schaueren awer ofhuelen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 2 Grad zréck, et ass bedeckt an et bleift drëchen.

Sonndën, 06. Januar 2019

De Sonndëmoien ass et staark bedeckt, Niwwelfelder souwéi Fisemreen si méigleg. D’Temperature leien tëschen 1 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, et bleift ongemittlech zu Lëtzebuerg. Um Mëtte behaale mir daat selwecht, zumools am Norde kann och déi eng oder aner kleng Flack net ausgeschloss gi bei Maximaltemperature vun 3 bis 5 Grad. De Wand bléist liicht spierbar aus Westen, an de Spëtzte ginn 30 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, aus dem Weste komme sou lues awer secher nei liicht Nidderschléi eragezunn.