Bléck op de Weekend: Ufanks nach Flacken, duerno ëmmer méi mëll

En Hauch vu Wanter huet sech an Tëschenzäit zu Lëtzebuerg breetgemaach. Dëst bleift och nach e bësse sou, ier eis de Weekend eng Ännerung bevirsteet.

Wanter ëmmer nach éichter zréckhaalend

D’Alpen souwéi och d’Erzgebirge kréien an de nächsten Deeg nach eng Partie Schnéi of, hei zu Lëtzebuerg hält sech de Wanter awer méi oder manner bedeckt. Déi nächst Chance, wou mir geréng Quantitéiten u Schnéi kréie kënnen, ass um Freide selwer.

De Moien ass et staark bedeckt, dobäi kënnt et zu Schnéischaueren. D’Temperature leien tësche -1 an 1 Grad. Am Virmëtte klammen d’Werter op 0 bis 2 Grad erop, sou lues awer sëcher fänkt de Schnéi un a Reen iwwerzegoen. Während dësem Prozess kann et kuerzzäitëg a lokal begrenzt och zu Glëtz kommen. Um fréie Mëtte kann dëst och nach de Fall sinn, ier mir et am Nomëtte just nach mat Reen ze dinn hunn. 3 bis 5 Grad ginn als Maximalwerter ereecht. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten, an de Spëtzte gi 35 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht behaale mir déi vill Wollécken, méi déck Niwwelfelder inkl. Fisemreen si méigleg. An der zweeter Nuetshalschend klammen d’Temperaturen op 3 bis 6 Grad.

Samsden, 12. Januar 2019

De Samsdemoien ass et gro, daat haaptsächlech duerch Niwwel. D’Temperature leien tëschen 3 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, et bleift gro. Mëttes an am Nomëtte kënnt et verbreet zu Schaueren, un den Temperaturen ännert sech näischt. De Wand bléist frësch aus West-Südwesten, an de Spëtzte kënne 50 km/h ereecht ginn. Um Owend an an der Nuecht bleift et gro a naass, d’Temperature klamme souguer e Stéck an ereechen 3 bis 7 Grad.

Video vum 09.01.2019

Sonndën, 13. Januar 2019

De Sonndëmoien ass et bedeckt, vereenzelt liicht Nidderschléi a Form vu Fisemreen si méigleg. D’Temperature leien tëschen 3 a 7 Grad. Am Virmëtten ännert sech net vill un dëse Werter, verbreet gëtt et ëmmer nach naass. Mëttes an am Nomëtte bleift dëst de Fall, 5 bis 8 Grad stinn um Programm. De Wand bléist staark aus Westen an ereecht Spëtzte vu 60 km/h. Et reent weider. Um Owend an an der Nuecht faalen d’Temperaturen op 5 bis 2 Grad, de liichte Nidderschlag kéint op den héchste Koppen am Norden a Schnéireen iwwergoen.