Bléck op de Weekend: Et gëtt däitlech méi waarem

Bis de Weekend ass et nach meechtens fraschtëg, ier eis eng Waarmfront eng Ännerung op Lëtzebuerg brénge wärt. Plusgrade sinn ze erwaarden.

Glëtz um Freidenowend méigleg

No villen Onsëcherheete si sech d’Modeller eeneg, dass et de Weekend däitlech méi mëll gëtt. Virdéicht kréie mir et awer nach mat der Wahrscheinlechkeet vu Glëtz ze dinn.

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt, dobäi kënnen och Niwwelfelder optrieden. Et ass mat liichte Nidderschléi ze rechnen, déi als Schnéigrisel eroofkomme kënnen. D’Temperature leien tësche -3 a -1 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter mol nach net wäit, déi eng oder aner Flack kann ëmmer nach gefall kommen. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op -1 bis 3 Grad erop, zumools am Norde wärt et nach Schnéi sinn. De Wand bléist liicht spierbar aus Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Ab dem Owend passéiert eis eng Waarmfront, un där de Schnéi a Schnéireen souwéi Reen iwwergoe wärt. Während dësem Iwwergangsprozess kann et awer och plaatzeweis zu Glëtz kommen, deen op de nach gefruerene Buedem trëfft. De Risk vu glaate Stroossen ass also erhéicht. An der Nuecht klammen d’Temperaturen op 3 bis 5 Grad. Well de Buedem mëttlerweil sollt entdeet sinn, geet d’Gefor vu glaate Stroossen zréck.

Widderhuelung vum LIVE-Update den 23. Januar 2019

Samsden, 26. Januar 2019

De Samsdemoien ass et bedeckt, et reent liicht. D’Temperature leien tëschen 2 a 5 Grad. Am Virmëtte ännert sech näischt un dëse Werter an et bleift fiicht. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad ereecht, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 40 km/h. Mir behaalen de Reen an och déi vill Wollécken. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëschen 3 a 7 Grad an, de Reen bleift.

Sonndën, 27. Januar 2019

De Sonndëmoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëschen 3 a 7 Grad. Am Virmëtte verweilen des Werter tëschen 2 a 6 Grad, weider Schaueren sinn ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtten ass mat Héchstwerter vun 3 bis 6 Grad ze rechnen, de Wand bléist staark aus Südwesten. An de Spëtzte gi 55 km/h ereecht. Opgrond vun engem Déif, wat mam Kär nördlech vun eis läit, reent et baal un engem Stéck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, de Reen ka virun allem am Norden a Schnéireen iwwergoen.