Bléck op de Weekend: Et gëtt bësse méi mëll

Dëse Weekend wärte vir eng kuerz Zäit manner kill Loftmassen iwwer Lëtzebuerg leien, soudass et net méi sou oft zu Schnéischauere komme wärt.

Rem méi oft Schnéireen wéi Schnéi

Ebe well de Weekend besse méi waarem Loftmassen iwwert eis leie wéi de Moment, ass net méi sou oft mat Schnéi ze rechnen. Virun allem an der Südhalschend kënnt et rem méi oft zu Schnéireen. Op de Koppen ass d’Wahrscheinlechkeet, dass et awer nach e bësse flackelt, am héchsten.

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt, d’Temperature leien tësche 0 an 2 Grad am Norden, am Süde kënne scho lokal 3 Grad ereecht ginn. Platzeweis ass et dréif a Niwwel mecht sech breet. Am Virmëtte bleiwen des Werter tësche 0 an 3 Grad, um Wiederzoustand ännert sech net all ze vill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 1 bis 5 Grad ze erwaarden, de Wand bléist nëmme schwaach aus Osten. An de Spëtzte gi 25 km/h ereecht. Et kann zu liichtem Reen/Fisemreen kommen, op de Koppe kann do nach déi eng oder aner Flack drënner sinn. Iwwerall sollt awer en Deel vum Schnéi schmëlzen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert kann et glaat ginn.

Samsden, 02. Februar 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi ass mat schwaachem Nidderschlag ze rechnen. Bei Temperaturen, déi tësche 0 an 2 Grad leien, kann dësen als Schnéi oder Schnéireen eroofkommen. Am Virmëtte klammen d’Temperature net méi wäit. Mëttes an am Nomëtten ginn 1 bis 4 Grad ereecht, meechtens kënnt bësse Schnéireen eroof. De Wand bléist schwaach aus Norden, an de Spëtzte gi 25 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, de liichte Schnéireen geet a Schnéi iwwer. Glaat Stroosse si méigleg, gréisser Quantitéite sollten awer net zesummekommen.

Sonndën, 03. Februar 2019

De Sonndëmoien ass et bedeckt, et schneit. D’Temperature leien tësche -1 an 2 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op -1 bis 3 Grad erop, also nëmmen e klengen Ënnerscheed. Mëttes an am Nomëtte gëtt et méi drëchen, d’Wollécke gi manner. Spéiderhi si sonnëg Momenter méigleg, d’Temperature packen et op e Maximum vun -1 bis 5 Grad. De Wand ass liicht spierbar aus Nord-Nordwesten ënnerwee, an de Spëtzte ginn 30 km/h gemooss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -2 Grad zréck, glaat Stroosse si méigleg. Et ass mat Niwwelfelder ze rechnen.