Bléck op de Weekend: Et gëtt kuerzzäitëg méi naass

De Weekend geroode mir vir eng Zäitchen ëmmer méi ënner Déifdrockafloss. Dobäi muss, no enger méi laanger Zäit, rem mat méi Nidderschléi gerechent ginn.

Ëmmer nach mëll, mee méi naass

De Weekend wärt et déi meecht Zäit gro sinn, daat duerch vill Wollécke mee awer och Niwwelfelder, déi virun allem an de Moies- a spéiden Owesstonnen optriede kënnen. Et muss ëmmer rem mat där enger oder anerer Schauer gerechent ginn, soudass nawell e puer Literen zesummekomme kënnen. Mee elo mol der Rei no.

De Freidemoien ass et meechtens gro a niwwleg, d’Temperature leien zwësche 4 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 8 bis 11 Grad erop, virun allem an der Südhalschend kann d’Sonn mol luusse kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 10 bis 14 Grad ereecht, de Wand ass mat Spëtzte vun 30 km/h liicht spierbar aus Süden ënnerwee. Et zéie rem op de meechte Plaatze méi déck Wollécken duerch, reene sollt et awer net. Um Owend an an der Nuecht faalen d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, virun allem ab der zweeter Nuetshalschend gëtt et aus westleche Richtungen ëmmer méi gro. Et ass ëmmer méi wahrscheinlech, dass et reent.

Samsden, 10. November 2018

De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwëschen 8 an 12 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 10 bis 13 Grad erop, déi vill Wollécke bleiwe bei eis an et reent ëmmer méi verbreet. Mëttes an am Nomëtte bleift et gro a naass, d’Temperaturen ereeche Maximalwerter vun 10 bis 15 Grad. De Wand bléist frësch aus Südwesten a packt et op 50 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift et gro, liicht Schauere sinn och nach lokal méigleg. D’Temperature faalen op 11 bis 9 Grad.

Sonndën, 11. November 2018

De Sonndëmoien ass et bedeckt, dobäi kënnt et zu liichte Schaueren. D’Temperature leien zwëschen 8 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 9 bis 12 Grad erop an de Reen ass rem méi verbreet ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 10 bis 15 Grad ereecht, de Wand bléist frësch aus Südwesten a packt et an de Spëtzten op 50 km/h. Et bleift déi meecht Zäit gro an et gëtt ëmmer rem naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et bleift bedeckt. Lokal gëtt et ëmmer nach naass.

Nidderschlagsquantitéite laut dem däitsche Wiedermodell ICON

Dem däitschen ICON no soll bis de fréie Méindemoie sou bëssen eppes vum Himmel kommen. 20 bis eppes iwwer 30 l/m² schéngem am Beräich vum Méiglegen ze sinn. Kaart: wxcharts.eu