
Trotz nach e bësse Reen ze drëchene November
De Weekend kënne no enger klenger Zäitche rem e puer méi Liter Reen eroofkommen. De November wärt awer wuel kaum nach an een Mount ëmwandelbar sinn, an deem et genuch gereent huet. De Reendefizit bleift.
De Freidemoien ass et liicht wolléckeg bis gro duerch méi décke Niwwel, d’Temperature leien zwësche -2 an 1 Grad. Glaat Stroosse si méigleg. Am Virmëtte klammen dës Werter op 1 bis 4 Grad erop, de Niwwel sollt sech lues a lues ufänken opzeléisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 5 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus Südosten. An de Spëtzte ginn 20 km/h ereecht. Et gëtt ëmmer manner gro, d’Sonn kënnt sech weisen. Méi spéit am Nomëtte gëtt et awer scho rem méi wolléckeg. Um Owend an an der Nuecht ass mat Reeschaueren ze rechnen, d’Temperature faalen op 4 bis 2 Grad.
Tësche 6 a 15 l/m² Reen gi vir de Weekend erwaart, zumools um Samsden.
Samsden, 24. November 2018
De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwëschen 3 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 4 bis 6 Grad erop, et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 4 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Osten. An de Spëtzte sinn 30 km/h ze erwaarden. Et reent virun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, et ass keng gréisser Ännerung ze erwaarden.
Sonndën, 25. November 2018
De Sonndëmoien ass et staark bedeckt, dobäi ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien zwëschen 3 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 4 bis 7 Grad erop an et bleift bedeckt a niwwlëg zu Lëtzebuerg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 5 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzte ginn 20 km/h erwaart. Et ännert sech näischt an et sollt nach net naass ginn. Um Owend an an der Nuecht ass schon éichter mat Schaueren ze rechnen, d’Temperature faalen op 4 bis 2 Grad.