Bléck op de Weekend: Vill Wollécken a naass duerch Westwiederlag

D’Wieder wëll einfach net a Richtung Wanter goen. Déi nächst Deeg gläichen éichter engem Fréi-Hierscht.

Trotz Reen a Wollécken ze waarem vir d’Saison

Zu Lëtzebuerg huet sech an Tëschenzäit eng Westwiederlag etabléiert, wouduerch et méi wolléckeg an och méi naass gëtt. Trotz engem frësche Wand, deen och nach mat dobäi kënnt, klammen d’Temperaturen op vill ze waarem Werter vir dës Saison.

De Freidemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwësche 7 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, et bleift mol nach kuerz naass. Mëttes an am Nomëtte geet d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren zréck, d’Wollécke bleiwen awer. D’Temperature packen et op 7 bis 10 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte sinn 30 km/h méigleg. Um Owend an an der Nuecht gëtt et ëmmer manner wolléckeg, Niwwelfelder wärten awer optrieden. D’Temperature faalen op 6 bis 4 Grad.

Samsden, 01. Dezember 2018

De Samsdemoien ass et bedeckt, Niwwel ass ze erwaarden. D’Temperature leien zwësche 4 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit an et bleift ongemittlëch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 5 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist spierbar bis frësch aus Süd-Südwesten. An de Spëtzte kënne 50 km/h ereecht ginn. Et gëtt ëmmer méi naass. Um Owend an an der Nuecht klammen d’Temperaturen op 8 bis 10 Grad an et reent ëmmer nach.

Sonndën, 02. Dezember 2018

De Sonndëmoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwëschen 8 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 9 bis 12 Grad erop bei onverännertem Wieder. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vun 10 bis 13 Grad ereecht, de Wand bléist frësch bis staark aus Südwesten a ka Spëtzte vu 60 km/h ereechen. Et reent weiderhin, daat mat Momenter och méi kräftëg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck an et bleift weiderhin naass.