Ab Samsdenowend: Wandvitesse vun ëm 100 km/h méigleg

De Weekend wärt kee ganz frëndleche ginn. Stiermësch Wandstéiss a Reen hunn d’Iwwerhand.

Neie Reen & stiermësche Wand ënnerwee

Nodeems et um Mëttwoch e bësse méi drëche war, ass ab elo rem ëmmer méi oft mat Reen ze rechnen. Markant gëtt et virun allem duerch e stiermësche Wand, dee virun allem un de Kaalfronten an u méi staarke Schaueren optriede kann. Ënnert dësem Link fannt Dir déi aktuell Warnungen a Virwarnunge virum Stuerm

Samsden, 08. Dezember 2018

De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwëschen 3 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit an et reent. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 6 bis 9 Grad ereecht, de Wand bléist staark bis stiermësch aus Südwesten. An de Spëtzte kënne 60 bis 75 km/h ereecht ginn, a Begleedung vu staarke Schaueren och mol 80 km/h. Et bleift also de ganze Mëtte laang naass. Um Owend an an der Nuecht zitt weidere staarke Reen an d’Land eran an domadden och eng Kaalfront, déi de Wand nachengkéier richtëg opliewe losse kann. Op exponéierte Plaatze kënne bis an déi fréi zweet Nuetshalschend eran Spëtzte vun ëm 100 km/h net ausgeschloss ginn. D’Temperature ginn op 9 bis 6 Grad zréck.

Video vum 06. Dezember 2018

Sonndën, 09. Dezember 2018

De Sonndëmoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien zwësche 5 a 9 Grad. Am Virmëtten ännert sech näischt un dëse Werter, et kann awer zu klenge Reepause kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad ereecht, et ass rem mat méi Reen ze rechnen. De Wand bléist ëmmer nach frësch bis liicht stiermësch aus Südwesten, an de Spëtzte si bis zu 75 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 2 Grad zréck, et ka plaatzeweis souguer opklären.