Bléck op de Weekend: Vu sonnëge Momenter bis hin zu Glëtz

Iwwert de Weekend wärt sech eng duerchaus interessant Wiederlag astellen. Virun enger Woch haate mir e Stuerm, dëskéier si Schnéischaueren a méiglege Glëtz de Grond.

Tëschenduerch ëmmer rem Sonn, bis…

Bis de Sonndë leie mir ënnert de kille Loftmassen, déi mir de Moment hunn. Doduerch kënnt et bis dohinner ëmmer méi oft och am Dag zu Minustemperaturen. An de Nuechte geet et lokal bis op -8 Grad eroof.

De Freidemoien ass et meechtens kloer, méi déck Niwwelfelder kënne plaatzeweis awer net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tësche -7 a -3 Grad, glaat Stroosse si méigleg. Am Virmëtte klammen dës Werter op -4 bis -2 Grad erop, et zéien e puer eenzel Wollécken duerch. Falls Niwwel entstaanen ass, sollt dëse sech lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtten ass bei erfollëgräichem Opléise vum Niwwel mat ville sonnëge Momenter ze rechnen, d’Temperature klammen op Maximalwerter vu -2 bis 1 Grad. De Wand bléist liicht spierbar aus Osten a packt et an de Spëtzten op 30 km/h, wouduerch et sech bësse méi kill ufillt wei et tatsächlech ass. Um Owend an an der Nuecht klärt et rem gréisstendeels op, d’Temperature ginn op e Minimum vu -3 bis lokal -8 Grad zréck. Glaat Stroosse sinn och rem ze erwaarden.

Glëtz um Samsdenowend net onméigleg

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, e puer Niwwelfelder souwéi glaat Stroosse si méigleg. D’Temperature leien tësche -8 a -4 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op -4 bis -2 Grad erop, et kommen e puer eenzel Wollécken op Lëtzebuerg gezunn. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu -1 bis 1 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Ost-Südosten. An de Spëtzte bléist en eis mat 25 km/h ëmt d’Oueren. Et gëtt ëmmer méi wolléckeg. Um Owend an an der Nuecht kommen aus Weste Nidderschléi méi no, déi eis géint Mëtternuecht Schnéifall mee lokal awer och mol Glëtz brénge wärten. Et ass aktuelle Modellrechnunge no mat enger Schnéicouche vun 1 bis 3 cm ze rechne, lokal och mol bis 5 cm. D’Temperature pendle sech tësche -1 an 1 Grad an.

Sonndën, 16. Dezember 2018

De Sonndëmoien ass et staark bedeckt, et kann zu Nidderschléi a Form vu Schnéi mee awer lokal och Glëtz kommen. D’Temperature leien tësche 0 an 2 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen an dësem Beräich an et ka weiderhi naass ginn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vun 2 bis 6 Grad ereecht, de Wand bléist liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Et bleift bedeckt an de gefruerene Nidderschlag wéi Schnéi oder Glëtz geet ëmmer méi a Reen iwwer. Um Owend gëtt et eng kleng Nidderschlagspaus, ier ab der zweeter Nuetshalschend neien ze erwaarden ass. Tëschenduerch muss och mol mat Niwwel gerechent ginn bei Temperaturen, déi op 2 bis 5 Grad klammen.