Bretagne: Schwéiere Stuerm an der Nuecht op de Freiden

E Stuermdéif, wat a Frankräich de Numm ALEX krut, suergt an der Nuecht op de Freide fir schwéier Stuerm- bis Orkanstéiss an der Bretagne.

D’Stuermdéif ALEX mat lokal bis 140 km/h

E Stuermdéif, wat a Frankräich als “ALEX” gedeeft ginn ass, kënnt haut am Laf vum Dag vum Atlantik hier eragerauscht a wäert an der nächster Nuecht (also an der Nuecht op de Freiden) op d’Küsten vun der Bretagne treffen. Dem däitsche Wiedermodell ICON no trëfft d’Stuermdéif iergendwou tëscht Vannes a Guérande mat séngem Kär u Land. Am direkten Ëmfeld dovun, haaptsächlech südlech, sinn déi stäerkst Wandvitessen ze erwaarden. Och den däitsche GFS gesäit, wat d’Plaz vum Optreffen ugeet, keen Ënnerscheed. Den héichopgeléisten AROME ass där selwechter Meenung, just den europäeschen ECMWF rechent de Punkt un deem den ALEX u Land trëfft méi wäit nordwestlech am Beräich Trégunc. An direkter Küstegéigend ass mat schwéiere Stuerm- bis Orkanstéiss vun tëscht 100 an 130 km/h ze rechnen, deemno wéi si lokal begrenzt esouguer Spëtzte vu bis zu 140 km/h dran.


Et gëtt eng onroueg Nuecht fir d’Bretagne. | Animatioun: wxcharts.com

Ganzen Déifdrockkomplex

An de Stonnen drop, also de Weekend iwwer, kréngelt sech d’Déif ëmmer méi an a kéint de Modellrechnunge no e weidere Kär ausbilden. Dës zwee Käre géife sech da géigesäiteg beaflossen an ëmkreese, wat dozou féiert, dass gréisser Deeler vum Westen a Nordweste vu Frankräich vu méi staarkem bis stiermeschem Wand wäert betraff sinn. Eng vun den och interessante Géigenden ass alles wat ronderëm Bordeaux läit – de Samsde kënnen dem aktuelle Stand no Wandvitesse vun tëscht 70 an 110 km/h optrieden. Den däitschen an den europäesche Wiedermodell gesinn och zu Lëtzebuerg eng Warscheinlechkeet vu staarke bis deels stiermesche Wandstéiss um Samsdenowend / an der Nuecht op de Sonnden. Wa néideg, ginn et Updates dozou.