Changementer: Méi variabel an Undeitungen op wanterlech Nidderschléi

Lues a lues fänken d’Wiedermodeller un, e Changement ze gesinn. Eis laang unhalend dréche Period mat engem Mix aus Sonn a Niwwel kann also geschwënn op en Enn goen. Wanterlech Entwécklunge si net ausgeschloss.

Advertisement

Omega-Wiederlag kéint geschwënn en Enn fannen

Fir d’éischt waren et just eenzel Modeller, elo sprangen der ëmmer méi op d’Iddi op: Vum Méinden u kommen Déifdrockgebitter erëm Stéck fir Stéck méi no a Richtung Lëtzebuerg, wouduerch de markanten Héichdrockafloss aus de leschte Woche géif ënnerbrach ginn. D’Warscheinlechkeet fir Reen klëmmt also erëm an och de Niwwel wäert dann net méi grad esou vill present sinn.

Virstéiss vu killen/wanterleche Loftmasse méiglech

Folgend Zeile bezéie sech net op eng kuerzfristeg Prognos, mee sinn en Ausbléck an d’Mëttelfrist – dohier ass et fir elo just eng Momentopnam, déi nach kann änneren.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis d’nächst Woch laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Wa mir vum amerikanesche Modell ausginn, da gesäit dësen dass eis vum Méindenowend bis de Mëttwcoh méi kill Loftmassen aus nërdleche Richtungen erreechen. Signaler op Schnéi ginn et zwar keng, d’Temperature kënnen doduerch am Dag awer op gutt ënner 10°C falen. Fir de Gros vum Rescht vun der Woch géife mir ënnert dem ëstleche Rand vun engem Héichdrockgebitt leien, iwwerdeems dat meescht un Déifdrockaktivitéit knapp un eis laanscht géif zéien. Dëse Modell gesäit eréischt fir déi Woch drop, also déi vum 18. November, dass en Déifrockgebitt aus dem skandinavesche Raum kéint op Lëtzebuerg erofgezu kommen. Sollt dat de Fall sinn, wieren déi éischt Flacke net ausgeschloss.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis d’nächst Woch laut ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Natierlech musse mir eis zu all dem awer och d’Meenung vun anere Modeller anhuelen, beispillsweis vum europäesche Modell: Dëse gesäit, dass e Méinden d’Kalfront vun engem Déif iwwert eis ewechzitt. Dëst Déif géif an den Deeg drop weider a Richtung Südfrankräich zéien, iwwerdeems déi allgemeng Déifdrockaktivitéit iwwert dem europäesche Kontinent géif zouhuelen. Am Verglach mat der Berechnung vum amerikanesche Modell wier et doduerch däitlech méi gro an zäitweis kéinten och schwaach Schaueren optrieden. D’Temperature géifen am Laf vun der Woch kontinéierlech zréckgoen, an der zweeter Wochenhallschent géife plazeweis mol net méi 5°C erreecht ginn. Je no Lafwee vun den Déifdrockgebitter kéint sech an den däitsche “Mittelgebirge” och mol vereenzelt Flacke weisen, deels och am Nordosten. Fir dass dat zoutrëfft, misst d’Grousswiederlag wéi e Puzzle exakt passen – an dat ass esou wäitam Viraus net viraussobar.

Wat huet dat elo ze bedeiten?

Mir hunn eis elo zwou Iddien e bësse méi ausféierlech ugekuckt. Wéi eng antriede wäert, an ob se dann och genee esou ausgesäit, ass ongewëss. Wat mir aus dëser Analys awer eraushuele kënnen ass, dass et wuel geschwënn zu engem Changement soll kommen. Bedingt duerch déi lues a lues kal Joreszäit klëmmt doduerch och d’Warscheinlechkeet vu wanterlechem Charakter. Alles, wat mir fir Schnéifall bréichten, wier eng dofir perfekt ausgeriicht Grousswiederlag. Gebraucht gëtt dofir eng kill Loftmass a gläichzäiteg och Fiichtegkeet, déi mir am Fall vun enger nordwestlecher bis nordnordwestlecher Stréimung hätten. Sollt sech d’Iddi, dass sech en Déif vu Skandinavien hier an eis Géigenden erofbeweegt duerchsetzen, da kéint dat eng gutt Viraussetzung sinn.

Dir mierkt, dësen Artikel ass keng Prognos. En déngt dofir, Iech an dat aktuellt Bild vun der allgemenger Grousswiederlag ze bréngen a wat dorauser kéint ginn.