Zwar kann et an der Mëttelfrist zäitweis wanterlech ginn, mee speziell ronderëmt d’Feierdeeg ginn d’Chancen ëmmer manner gutt ageschat.
Advertisement
Trend gëtt lues a lues méi kloer
Den éischte Bléck op d’Chrëschtdeeg hate mir den 11. Dezember gewot – nach méi fréi hätt kee Sënn gemaach. An dësem hate mir gesinn, dass d’Grousswiederlag u sech jo méi oder manner kloer wier. Dat eenzegt, op dat et nach ukéim, wieren déi exakt Positioune vun den Drockgebitter, déi zur Gesamtsituatioun (Grousswiederlag) bäidroen, an dat war deemools nach e grousst Fragezeichen. Haut kréie mir och nach keng definitiv Äntfert dorop, mee et kristalliséiert sech lues awer sécher e méi däitlechen Trend eraus.
Mëll Loftmasse genee fir Chrëschtdag?
An dësem Update bezéie mir eis op déi momentan Berechnunge vun de Modeller GFS an ECMWF, esouwéi awer och op déi vergaange Leef aus de leschten Deeg. Domat hu mir mat dësem Artikel net nëmmen eng Moment-Opnam, mee och nach en Trend, deen sech erausstellt. Fir d’éischt mol: Jo, déi allgemeng Grousswiederlag, déi mir déi lescht Kéier beschriwwen haten, ass ëmmer nach an de Kaarten. Simuléiert gouf e grousst Héichdrockgebitt virun der Küst vu Portugal an déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien, déi dann fir eng kill a fiicht Nordweststréimung géife suergen, déi dann d’Chancen op Schnéischaueren an d’Luucht drécken.
Wat huet sech geännert? Den amerikanesche Modell gesäit et och ëmmer nach genee esou, mee net méi fir Chrëschtdag selwer: Berechent gëtt et elo méi fir d’Period vum Owend vum 21. Dezember bis an den 22. Dezember eran. Stand elo kënnt et dësem Modell no dann zu deels kräftege Nidderschléi, déi duerch déi zousätzlech méi kill Loftmassen och als Schnéi kënnen erofkommen, zumools op de Koppen. Dësen, mee och déi lescht Leef vum Modell, rechnen awer direkt duerno domat, dass et méi mëll gëtt: Un Hellegowend soll sech d’Héich iwwert dem Atlantik ufänken, ëmmer méi iwwert eisem Kontinent breetzemaachen. U Chrëschtdag selwer, resp. an der Nuecht op de 26. Dezember, soll d’Héich mat sengem Kär iwwert dem Süde vun Däitschland leien an eis esou fir d’Joreszäit iwwerduerchschnëttlech Temperature bréngen, wouduerch mir eis de Schnéi komplett kéinten ofschminken. Dës an änlech Léisunge ginn et elo schonn eng Zäit laang, wat en Hiweis dorop ass, dass et elo zu engem méi sécheren Trend kéint ginn.
Den europäesche Modell ass net vill aneschters ënnerwee: Vum 21. bis den 23. Dezember wiere mir duerch eng fiicht a naass nordwestlech Stréimung gepräägt, duerch déi et zäitweis och géif zu Schnéischauere kommen, besonnesch op den héchste Koppen. Un Hellegowend kéim eis dat virdru beschriwwent Héich lues a lues méi no, nach wiere mir heiheem awer ënner Déifdrockafloss. Et gëtt Reen berechent, deen duerch d’Loftmassen awer däitlech ze waarm wier fir Schnéifall. U Chrëschtdag selwer soll d’Héich mat sengem Kär iwwert dem westleche Frankräich leien, wat en erhieflechen Ënnerscheed zur Berechnung vum amerikanesche Modell ass. Trotzdeem géif dat zu Lëtzebuerg fir eng iwwerduerchschnëttlech Loftmass suergen, déi absolut Schnéi-feindlech ass. Vum 26. bis de 29. Dezember wier dëst Héich zentral iwwert eise Käpp aktiv, esou den europäesche Modell.