Bléck op de Weekend: Comeback vum wanterlechen Touch

De Weekend gëtt den héije Loftdrock stänneg vun e puer klengen Déifdrockgebitter, déi vum Atlantik hier riwwergezu komme, gestéiert. Zäitweis sinn also och mol méi ongemittlech Momenter méiglech.

An éischter Linn méi kal

Wat de Weekend wierklech opfale wäert, ass, dass d’Temperaturen e weidere Krack no ënne maache wäerten. Am Dag ass dat net grad sou däitlech, mee spéitstens an de Nuechte mecht sech dat bemierkbar. Loft- a Buedemfrascht souwéi och glaat Stroosse gi rem lues a lues zu engem Thema.

Freiden, 8. November 2019

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht -2 a 0 Grad an den Däller, soss tëscht 1 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 7 Grad erop, et gëtt méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Südosten. An de Spëtzten ass mat 15 km/h ze rechnen. Et zéien eng Partie Wolleken duerch, am nächste Moment ka sech d’Sonn awer och mol blécke lossen. Et sollt drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis -2 Grad zréck, et ka rem lokal begrenzt glat ginn. Et ass mat Loft- a Buedemfrascht ze rechnen.

Kill Loftmasse beaflossen eis dëse Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 09. November 2019

De Samsdemoien ass den Himmel liicht wollekeg, wa kee Niwwel entstanen ass. D’Temperature leien tëscht -1 a 4 Grad klammen am Virmëtten op 3 bis 5 Grad erop, d’Sonn weist sech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et sollt drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, virun allem am Norden ass op mannst rem Buedemfrascht méiglech.

Sonnden, 10. November 2019

De Sonndemoien ass et wollekeg, Niwwel kann do och dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 3 bis 5 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand ass mat Spëtzte vun 20 km/h nëmme schwaach aus Südosten ënnerwee. Zäitweis zéie méi déck Wolleken duerch, kuerz drop kann d’Sonn sech awer och rem fir eng Zäit duerchsetzen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -2 Grad zréck, a verschiddenen Däller kéint et och op -3 Grad oder drënner zréck goen. Glat Stroosse souwéi Loft- a Buedemfrascht gi rem en Thema.