Convective Outlook vir de 19. Juni 2019

Um Mëttwoch, 19. Juni 2019, zitt en Déif vum Ärmelkanal a Richtung Nordséi. D’Kalfront dovunner zitt am Laf vum Dag vun der Küstegéigend riwwer a Richtung Osten a passéiert dobäi d’Nordhalschend vu Frankräich, d’Belge, Lëtzebuerg, Holland an Däitschland. Am Beräich vun dëser Kalfront kënne sech Schaueren an och vereenzelt Donnerwieder forméieren, déi virun allem Staarkreen mat sech brénge kënnen. Am Fall vu méi staarken Entwécklunge sinn och Knëppelsteng a staark Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss méiglech.

Dir gidd demnächst weidergeleed…

Dir gidd nët weidergeleed? Klickt hei