Convective Outlook vir den 04. Juni 2019

Iwwert dem Norden & Nordoste vu Frankräich, der BeNeLux Géigend an dem äußerste Nordweste vun Däitschland besteet um Dënschden, 04. Juni 2019 de Risk vun zolitten an onwiederartegen Donnerwiederen. Dat méiglecherweis a Form vun engem Donnerwiedersystem (MCS).

Ze rechnen ass mat Stuermstéiss bis schwéiere Stuermstéiss, grousse Knëppelsteng an extremem Staarkreen. An alle Geforegebitter ausser dem ALGM an dem DWDR ass d’Gefor vun organiséierte Strukure wéi z.B Superzellen plus Begleeterscheenungen duerch eng ausgeprägt a staark Wandscherung präsent.

Ab dem spéideren Owend verzitt sech d’Donnerwiederaktivitéit a Richtung Nordséi resp. an de Nordweste vun Däitschland.

Dir gidd demnächst weidergeleed…

Dir gidd nët weidergeleed? Klickt hei