Däitschland: 42,6 Grad net méi déi héchst jeemools gemoossen Temperatur

Am Summer 2019 huet d’Wiederstatioun vum däitsche Wiederdéngscht DWD zu Lingen (Ems) en Allzäit-Temperaturrekord vu 42,6 Grad gemooss. Dëse Wäert ass elo awer zréckgezu ginn.

DWD huet laang dru festgehal

Tëscht dem 24. an dem 26. Juli 2019 goufe wärend enger extremer Hëtztwell u ville Statiounen an Däitschland Temperature vun ëm 40 Grad gemooss. Eng Statioun huet de 25. Juli 2020 besonnesch erausgestach: Lingen mat enger Maximaltemperatur vun 42,6 Grad. Dem DWD no wier domat den ale Rekord ëm ganz 2 Grad iwwerschratt ginn. Nodeems den Däitsche Wiederdéngscht dëse neien Allzäit-Rekord verkënnegt huet, gouf et an der Welt vun der Meteorologie gréisser Diskussiounen.

De Virworf: D’DWD-Statioun zu Lingen am Emsland géif net méi richteg der WMO-Norm no operéieren. De Moossberäich ass duerch d’Vegetatioun net méi deen optimalsten – ëmmer wann d’Sonn staark vum Himmel gestraalt huet, konnt sech e Wärmestau entwécklen. Wann de Wand aus Nordosten oder Südoste komm ass, gouf den Austausch vun de Loftmassen an der onmëttelbarer Ëmgéigend vun de Sensoren ënnerbrach. Un den ongeféier 800 anere Statiounen, déi vum Däitsche Wiederdéngscht bedriwwe ginn, gëtt der WMO-Norm no gemooss, fir d’Wäerter vun den ënnerschiddleche Statiounen alleguer mateneen kënnen ze vergläichen. Duerch déi genannt Faktore kënnen d’Donnéeë vun 2019 vun der Statioun zu Lingen net méi als representative Wäert ugesi ginn.

Däitsche Wiederdéngscht sträicht Lingener Rekord

No laangen Diskussiounen an der Wiederwelt huet sech den Däitsche Wiederdéngscht den Donneschden zu Wuert gemellt: den Allzäit-Rekord vun 42,6 Grad, gemooss vun der Statioun zu Lingen, gouf gestrach. De Wäert gëtt aus dem Klima-Archiv vum DWD geläscht.

De 25. Juli 2019 war awer trotzdeem en Dag vu neien Allzäit-Temperaturrekorder: de neie Rekord läit elo bei 41,2 Grad a gouf un der Wiederstatioun zu Duisburg-Baerl & zu Tönisvorst registréiert.