Däitschland: E Samsde sinn 20 Grad am Südweste méiglech

Net nëmme bei eis besteet d'Warscheinlechkeet vun engem neien Allzäitrekord fir en Dezember-Dag, mee och an Däitschland. Punktuell kënnen 20 Grad erreecht ginn.

Waarmloftvirstouss betrëfft net nëmme Lëtzebuerg

Gëschter hate mir eis ugekuckt, a wéifern Lëtzebuerg vum massive Virstouss vu waarme Loftmasse wäert betraff sinn. Den Détail dozou kënnt Dir Iech hei duerchliesen.

Mee et gi Géigenden, déi trëfft dëse Waarmloftvirstouss nach en Tick méi staark. Wat eis direkt Noperen ugeet, besteet virun allem am Südweste vun Däitschland d’Warscheinlechkeet dass verschidde Rekorder mat Ofstand kënne geknackt ginn. Mir kucke virun allem op Baden-Württemberg, wou besonnesch héichopléisend Wiedermodeller mat 19 Grad, punktuell esouguer 20 Grad rechnen. Brühl, direkt bei Freiburg im Breisgau, wier e méigleche Kandidat.


D’Temperaturen um Samsdemëtten laut ICON-EU | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Fir de Rescht gëtt et e gréissert Gebitt, wat sech vu Baden-Baden iwwer Stroossbuerg laanscht déi franséisch/däitsch Grenz bis op Basel erofzitt, an där tëscht 17 an 20 Grad optriede kënnen. Fir Enn Dezember sinn dat ouni Zweiwel Temperaturen, déi net normal sinn. Et kéint also en Dag vu neien Allzäitrekorder a Punkto Dezemberdeeg ginn.