De Fuerplang: Schnéi a Stuerm um Méinden

Nodeems et um Samsden a Norddäitschland gutt gestiermt huet, gëtt et muer um Méinden och zu Lëtzebuerg méi ongemittlech. Och de Schnéi wëll beim ganze Geschéie mat dobäi sinn.

Wat geschitt?

De Moment, Stand Sonnden 30. Januar 2022 16:47 Auer, läit dat verantwortlecht klengt Déif (Randdéif) iwwert de nërdleche britteschen Inselen a schafft sech an de nächste Stonnen iwwer d’Nordséi a Richtung Norddäitschland. Muer de Mëtte soll de Kär dann ukomm sinn, dat mat engem Drock vun 999 hPa. Südlech vun dësem Déif gëtt, wéi et ëmmer ass, d’Wand- resp. Stuermfeld matgedroen. Duerch d’Positioun vum Kär geréit och Lëtzebuerg dës Kéier an den Aflossberäich vun dësem Stuermfeld, wat also e puer méi ongemittlech Stonne fir eis bedeite wäert.


D’Stuermfeld, wat de Méinden iwwert eis ewechzitt | Grafik: wxcharts.com

E weidere Parameter kënnt nach mat dobäi: de Schnéi. Dëst Déif zitt genee richteg, fir dass zäitgläich och méi wanterlech Zenarien optriede kënnen. Et gi nämlech net nëmme fiicht Loftmassen aus dem Nordosten ugezunn, mee duerch d’Stréimungsmuster vum Déif sinn dës och nach kal genuch. Tëscht dem Reen kann et um Méinden also am ganze Land zu eenzelne Flacke kommen, haaptsächlech op de Koppe kann do och “richtege” Schnéi dobäi sinn. Fir eis Automobilisten hu mir also zwee Punkten, op déi een e bësse méi oppasse sollt wéi soss: Wand & glat Stroossen duerch Schnéi.


Polar Loftmasse suergen zousätzlech fir Schnéischaueren | Grafik: wxcharts.com

D’Eenzelheeten:

Wand

A Punkto Wand wäerte mir vum Méindevirmëtten un bis an de spéideren Owend eran wat d’Wandspëtzten ugeet bei tëscht 60 a 75 km/h ënnerwee sinn. Op exponéierte Plazen an och am Fall vu méi kräftege Nidderschléi si Stuermstéiss bis hin zu 85 km/h net ausgeschloss. Duerch de Schnéifall, besonnesch op de Koppe, sief also och u Schnéiwicken ze denken. De Risk vu Beem an Äscht an och soss Géigestänn déi op d’Stroosse fale kënne besteet souwisou.

Schnéi

Wa mir schonn beim Schnéi sinn: dëse gëtt och plazeweis relevant. Wéi et de Moment ausgesäit, kann et tëscht dem Reen op ville Plazen am Land zu eenzelne Flacke kommen. En Effekt huet dat Ganzt awer haaptsächlech erëm op d’Koppen am Norden, déi op iwwer 450 bis 500 Meter leien. Do sinn den aktuelle Modellrechnunge no bis an d’Nuecht op den Dënschden eran Neischnéiquantitéite vun tëscht 2 a 4 cm méiglech, op ëm 500 Meter an driwwer sinn och mol bis hin zu 6 cm net ausgeschloss.

Op deene Plazen, déi ze niddereg leie, kann et trotzdeem zäitweis glat ginn.