De Juni 2020 war méi naass wéi soss an och e bëssen ze waarm

De Juni 2020 ass zu Lëtzebuerg mat liicht ze héijen Temperaturen a méi Reen wéi soss op en Enn gaang.

Liicht iwwerduerchschnëttleche Juni

De Juni 2020 ass liicht iwwerduerchschnëttlech waarm an och e Stéck méi naass ausgefall, wéi et an engem Mount Juni normalerweis de Fall wier.

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel gouf eng Duerchschnëttstemperatur vu 16,8 Grad registréiert. Bezunn op d’Referenzperiod, déi sech op d’Jore 1981 bis 2010 bezitt, war et ëm 0,9 Grad ze waarm. D’Moyenne um Findel läit bei 15,9 Grad. Och a Saache Nidderschléi fält op, dass et mat 114,3 l/m² méi gereent huet wéi normalerweis. An der Moyenne reent et um Findel 81,7 l/m², wat also heescht, dass dëse Juni 32,6 l/m² méi vum Himmel erofkomm si wéi soss. Dëse Wäert schwankt ueschter d’Land awer staark, well mir et méi oft mat Donnerwieder mat méi staarke Schliet ze dinn haten. Dës si net iwwerall opgetruede, wouduerch et zu gréisseren Differenze kënnt. Iwwerdeems déi genannt Parameter iwwert dem Duerchschnëtt louche, goufen um Findel ënnerduerchschnëttlech vill Sonnestonne festgehal. Am Mount Juni schéngt d’Sonn an der Moyenne 227,1 Stonnen vum Himmel, am Juni 2020 waren et awer “nëmmen” 218,5 Stonnen.

Och u Météo Boulaide Wiederstatioun ze waarm an ze naass

Och un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide, déi zanter dem November 2011 am Asaz ass, ass de Juni méi waarm a méi naass wéi soss ausgefall. D’Donnéeë vun der Statioun kann een awer net mat deene vum Findel vergläiche, well d’Statioun vu MeteoLux scho wäitaus méi laang am Betrib ass.

An der Bauschelter Gemeng louch d’Duerchschnëttstemperatur am Juni 2020 bei genee 16 Grad. Bezunn op déi lescht Jore bis an d’Joer 2011 zréck war et 2,01 Grad ze waarm – d’Moyenne läit bei 13,99 Grad. Mat 96,8 l/m² Reen ass et och iwwerduerchschnëttlech vill naass ginn. Normalerweis reent et un der Statioun 63,32 l/m², wat also heescht, dass 33,48 l/m² méi erofkomm si wéi normal. Wéi och scho bei den Donnéeë vun der Wiederstatioun um Findel gesot, koum et duerch ongläichméisseg verdeelt Donnerwiederzelle wärend dem Mount Juni zu gréisseren Ënnerscheeder wat d’Nidderschléi ugeet.