De Moien: Éischte Loftfrascht vun der Saison

De Moie war et fir d'Joreszäit nawell knackeg kal.

Den éischte Frascht vun der Saison

De meteorologeschen Hierscht ass zanter dem éischte September amgaangen, de kalendareschen Hierscht fänkt an der Nuecht op de Freiden um 03:03 Auer un. Nodeems mir an de leschten Deeg och vum Wieder hier déi éischt hierschtlech Gréiss kruten, war et an der vergaangener Nuecht eng éischt Kéier fraschteg ginn.

Wat d’Lofttemperatur ugeet, also do, wou mir eis beweegen (der Norm no op 2 Meter Héicht gemooss), war d’ASTA-Statioun zu Ueschdref de Moien déi keelst – -1,4 Grad sinn tëscht 7 an 8 Auer gemooss ginn. Och un der ASTA-Statioun zu Schëmpech ware mir mat genee -1 Grad ënnerwee, hannendru kënnt Béiwen mat -0,7 Grad.

Net nëmmen d’Statiounen am Norden hunn esou niddereg Wäerter gemooss, mee och méi wäit am Westen an esouguer a Richtung Süden. Un der ASTA-Statioun zu Useldeng si -0,5 Grad gemooss ginn, genee wéi och zu Käerch. Zu Réiser ass de Queckselwer op 0,1 Grad zréckgaangen an zu Recken un der Mess op 0,2 Grad.

Wat de Buedemfrascht betrëfft (gemooss op 5 cm Héicht) ware mir zu Wolz mat -3,2 Grad ënnerwee. Hannendru kënnt Béiwen mat -2,9 Grad an och Housen mat -2,5 Grad.

Weider fraschteg Nuechten um Programm?

An der Nuecht op de Freide gëtt et erëm zimmlech kill, mee d’Wäerter sollte net méi grad esou wäit erofgoen. An den Däller am Norden ass mat tëscht 1 an 3 Grad ze rechnen, soss si mir mat tëscht 3 a 6 Grad ënnerwee.

Wa mir vun der Buedemtemperatur ausginn, da kann et op méi Plazen am ganze Norden a Nordwesten zu Buedemfrascht kommen. Och laanscht de Westen kann et mol dozou kommen.

Fir d’Nuecht op de Samsde leie mir, souwuel an der Loft esouwéi och um Buedem, iwwerall däitlech iwwert dem Gefréierpunkt.