De Reen bis de Freiden: Et gëtt erëm manner naass

Et ass Mëttwoch – a soumat erëm Zäit, op d’Reequantitéite fir déi nächst Deeg ze kucken.

Naass Momenter huelen erëm of

Bis de Freiden huet meeschtens héije Loftdrock d’Iwwerhand. Nëmmen heiansdo kann et zu Stéierungen a Form vun e puer eenzelne Schauere kommen. Gréisser Reequantitéiten (op dat ganzt Land bezunn) si leider erëm keng ze erwaarden.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat Quantitéite vun tëscht näischt an 3 l/m² dobäi, Am dréchenste soll et am Südoste vum land bleiwen, iwwerdeems de Norden a Nordwesten déi restlech 3 l/m² ofkréie sollen. Den europäeschen ECMWF ënnerscheed sech vun de Quantitéiten hier net wierklech vill. Dësen ass mat tëscht 0 a 4 l/m² dobäi, rechent se awer op anere Plazen. Sou soll den Osten an de Nordoste vum Land bal ouni Reen ausgoen, iwwerdeems am Westen a Südwesten de meeschte Reen fale soll.

De franséische Wiedermodell ARPEGE simuléiert bis de Freidenowend spéit tëscht 1 a 6 l/m². Am ganze Land sollen tëscht 1 an 3 l/m² falen, am äusserste Süde kéint et punktuell fir 6 l/m² duergoen. E gudden Deel vun dësen maximale Quantitéite sinn awer scho fir haut de Moie fréi gerechent ginn, soudass dës warscheinlech am weidere Verlaf ewechfale wäerten.

Fir ofzeschléisse bleift nach den däitschen ICON, dee mat 0 bis 2 l/m² am mannste Reen opzeweisen huet. Den Oste vum Land soll am naasste ginn, haaptsächlech d’Muselgéigend.

Dës Kéier si sech d’Modeller méi oder manner iwwer d’Quantitéiten eenz. All ze vill ass net ze erwaarden a wou genee, dat wees dono just d’Wieder selwer.