De Weekend kënnt de Summer (kuerz) rëm

Wéi am Laaf vun der Woch schon ugekënnëgt, wärt de Weekend ze waarem vir d’Joereszäit ausfaalen. Lokal kéinte souguer nachengkéier summerlech Temperature gemooss ginn!

Iwwerduerchschnëttlech waarem vir dës Joereszäit

Mir bleiwen a nächster Zäit weiderhin ënner Héichdrockafloss. Um Freidemoie geet et scho frëndlech lass, et si nëmme wéineg Wollécken um Himmel ënnerwee. Lokal, virun allem an den Däller, ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien am grousse ganzen tësche 4 a 9 Grad. Virun allem am Norde kann et plaatzeweis op bis zu 1 Grad ofkillen, soudass Buedemfrascht oder souguer glaat Stroosse méigleg sinn. Am Virmëtte gëtt de Niwwel iwwerall manner an d’Sonn kritt sech iwwerall besser duerchgesaat. D’Temperature beweege sech op 12 bis 15 Grad. Mëttes an am Nomëtten ass mat agréable 19 bis 22 Grad ze rechnen, virun allem an der Géigend vun der Stad kënnen och mol 23 Grad ereecht ginn. De Wand ass nëmme schwaach aus südleche Richtungen ënnerwee. Um Owend souwéi och an der Nuecht bleift den Himmel kloer, d’Temperature faalen op 13 bis 5 Grad.

Samsden, 06. Oktober 2018

Ier eis de Sonndën eng Kaalfront en Dämpfer bréngt, gëtt de Samsden de wärmsten Dag vum Weekend. Mir fänke mat engem kloeren Himmel un, an den Däller ass rem mat Niwwel ze rechnen. D’Temperaturen haale sech tësche 6 an 12 Grad op. Am Virmëtte klammen dës Werter op 15 bis 19 Grad erop an de Niwwel léist sech rem op. Iwwerall sollt elo schéin d’Sonn erauskommen. Mëttes an am Nomëtten ass schéint Hierschtwieder ze erwaarde, wa net souguer nachengkéier Spéitsummer. D’Temperature klammen op iwwerduerchschnëttlech héich 20 bis 24 Grad, lokal ass secher mol e Grad méi ze erwaarden. De Wand bléist liicht bis zäitweis spierbar aus südleche bis südwestleche Richtungen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 8 Grad zréck an et gëtt e besse méi wolléckeg.

Sonndën, 07. Oktober 2018

Um Sonndë gëtt et duerch de Passage vun enger Kaalfront net méi grad sou waarem. Ufanks ass et nach liicht wolléckeg bei 8 bis 14 Grad. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 12 bis 15 Grad erop an et gëtt ëmmer méi wolléckeg, woubäi och de Risk vun eenzelne Schauere liicht klëmmt. Mëttes an am Nomëtten läit d’Kaalfront iwwer Lëtzebuerg, soudass sech d’Temperature net wierklech entfaale kënnen. Mir bleiwen an engem Beräich vun 12 bis 18 Grad hänken, dobäi ka lokal begrenzt mol eng Drëpps net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 3 Grad zréck an et gëtt ëmmer manner wolléckeg, Nidderschléi (ausser Niwwel) si keng méi ze erwaarden.