De Wochenausbléck: An de Moiesstonne lokal glaat Stroossen

Bis de Mëttwoch gëtt eist Wieder haaptsächlech vun héijem Loftdrock bestëmmt. Virun allem an de Nuechten ass mat knackeg killen Temperaturen ze rechnen.

Niwwel-Lotto a glaat Stroosse méiglech

Héije Loftdrock bestëmmt eist Wieder bis de Mëttwoch, wat bedeit, dass et bis dohi kaum zu nennenswäerte Reequantitéite komme wäert. Allerdéngs kënnt awer nach eppes dobäi, wat och mat Nidderschlag ze dinn huet: de Niwwel. Bei dësen Héichdrocklagen kann et zu der momentaner Joreszäit sinn, dass sech de Niwwel net séier genuch oder heiansdo och iwwerhaapt net opgeléist kritt. Dat ka virun allem an Däller oder Mulden de Fall sinn. De Niwwel stellt an de kale Joreszäiten ëmmer rem eng kleng Erausfuerderung fir d’Meteorologen duer. Firwat dat esou ass, fannt Dir am Détail ënnert dësem Link.

Well an de Nuechte net vill Wolleken ënnerwee sinn, ass ze erwaarden, dass et och gutt ofkillt. Duerch liicht Nätzt duerch de Niwwel kann et lokal net ausgeschloss ginn, dass d’Stroosse mol glaat ginn. Tjo, de Wanter schläicht sech lues a lues un.

An der zweeter Wochenhalschend gesäit et mol sou aus, wéi wann et no a no rem méi variabel géif ginn – mat der Optioun zu méi Nidderschléi an engem spierbare Wand.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Lues a lues rem méi variabel

Wa sech de Niwwel also un den Deeg bis de Mëttwoch gutt opgeléist kritt, da kréie mir et meeschtens aus engem Mix aus Sonn an heiansdo méi décke Wolleken ze dinn. Dobäi sollt et normalerweis net reenen, d’Temperature leien um Méinden dagsiwwer tëscht 9 an 13 Grad, den Dënschden tëscht 8 an 12 Grad an de Mëttwoch bei 8 bis 11 Grad. An de Nuechte beweege sech d’Wäerter tëscht 0 a 5 Grad, an den Däller kann et, wéi schon ugedeit, drënner goen.

Den Donneschde gëtt viraussiichtlech en Iwwergangsdag, wou zwar vill Wolleken ënnerwee sinn, mee et gréisstendeels bei 5 bis 8 Grad drëche bleift. Et ass de wahrscheinlech keelsten Dag vun der Woch. Um Freide passéiert eis eng Kalfront, déi vun engem spierbare Wand kéint begleet ginn. 11 bis 16 Grad sollen et dem momentane Stand no ginn, de Samsden 11 bis 15 Grad. Schauere sinn ze erwaarden a mat Chance och sonneg Momenter. Um Sonnde kéint eis da schon déi nächst Kalfront erwaarden.