De Wochenausbléck: An der zweeter Wochenhallschent méi kill

Mir starte mol nach iwwerduerchschnëttlech mëll a frëndlech an déi nei Woch eran, wat awer viraussiichtlech net unhale wäert.

Grousswiederlag

Den aktuellen Héichdrockafloss wäert nach bis viraussiichtlech de Mëttwoch/Donneschden unhalen. Duerno gëtt erëm eng kuerz Stéierung berechent, duerch déi sech eis Grousswiederlag ännere kann. Kënnt et wéi de Moment berechent, da géif sech fir de nächste Weekend eng Héichdrockbréck iwwert eis breetmaachen, duerch déi Loftmasse vu polarem Uersprong erëm kuerz hir Fanger am Spill kéinten hunn. Fir de Resumé awer: héije Loftdrock huet ëmmer nach d’Iwwerhand, déiwe Loftdrock mécht sech nëmme kuerzzäiteg bemierkbar.

Den Oflaf


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Weekend inclus | Animatioun: wxcharts.com

Mir starte mat vill Sonn a nëmmen e puer Wolleken an déi nei Woch eran. Um Méinden an och um Dënschden huet d’Sonn d’Iwwerhand an et bleift dréchen, d’Temperature klammen um Méinden op 12 bis 15 Grad an um Dënschden op 13 bis 15 Grad. An de fréie Moiesstonnen an och an de Nuechte leien d’Temperaturen am Beräich vum Gefréierpunkt, liichte Frascht ass also zu de genannten Zäiten ze erwaarden. De Wand bléist um Méinden zäitweis spierbar aus Osten, um Dënschden ass e mat 25 km/h méi schwaach aus Süd-Südosten ënnerwee. Um Mëttwoch kënnt eis aus Westen e schwaacht Déifdrockgebitt méi no, wouduerch et am Laf vum Dag no a no méi wollekeg gëtt. D’Nidderschléi hale sech awer nach zréck, dat bei 14 bis 16 Grad. Eréischt um spéideren Owend geet och d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an d’Luucht, déi sech bis an den Donneschden era streckt. Um Donneschde selwer si vill Wolleken ënnerwee, et kann ëmmer erëm naass ginn – et besteet och eng kleng Warscheinlechkeet vun engem isoléierten Donnerwieder. D’Temperature sollen awer trotzdeem nach eng Kéeir op 10 bis 15 Grad klammen. Um Freide bleiwen d’Wolleken zwar, et bleift awer gréisstendeels dréchen bei Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad.

De Weekend iwwer soll sech dann, wéi déi aktuell Modeller et gesinn, déi virdru genannt Héichdrockbréck iwwert eis breetmaachen. Duerch dës géif sech d’Sonn erëm duerchsetzen, et wier awer däitlech manner waarm. Dagsiwwer géife mir dann bei tëscht 4 an 8 Grad leien, an de Nuechte geet et op tëscht 0 a -3 Grad zréck.