De Wochenausbléck: De Wanter kënnt an der zweeter Wochenhallschent zréck!

Endlech ass et esouwäit: den Abroch vu polare Loftmasse fir déi zweet Wochenhallschent ass confirméiert. Ier mir et awer erëm mat wanterleche Konditiounen ze di kréie, bleift et fir den Ufank mol nach zimmlech waarm.

Grousswiederlag ass amgaang sech ëmzestellen

De Moment ass et nach vill ze waarm zu Lëtzebuerg, fir dass wanterlecht Wieder iwwerhaapt méiglech ass. Iwwert dem Atlantik hu mir et elo mol nach mat Déifdrockafloss ze dinn, iwwert dem Oste vum Kontinent läit e grousst Héichdrockgebitt. Duerch dës Konstellatioun komme fiicht, mee mëll Loftmassen aus dem Südwesten op Lëtzebuerg gezunn.

De Reen spillt eng gréisser Roll

Dëst spiere mir och elo nach gutt um Méinden. D’Temperasture leie fir den Ufank bei tëscht 5 a 7 Grad, am Laf vum Dag ass mat 7 bis 10 Grad ze rechnen. Vum Mëtten u gëtt et aus Westen ëmmer méi naass – de Reen deen do eragezu kënnt wäert eng méi laang Zäit kënnen unhalen. Och de Wand ass zäitweis spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op tëscht 40 a 60 km/h. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschde reent et weider d’Temperature pendle sech tëscht 11 an 13 Grad an. Um Dënschdemoie geet et genee esou weider, et reent ëmmer nach an et ass staark bedeckt. Am Nomëtte sinn 12 bis 14 Grad ze erwaarden, nieft e puer kuerzen Ënnerbriechunge wäert et ëmmer erëm reenen. De Wand bléist stramm aus West-Südweste mat Spëtzte vu 55 km/h. An der Nuecht op de Mëttwoch trëfft viraussiichtlech méi kräftege Reen an, d’Temperature bleiwen tëscht 10 an 13 Grad. Och de Mëttwoch iwwer soll sech de méi staarken a laang unhalende Reen duerch den Dag zéien, dat bei 11 bis 14 Grad. An der Nuecht op den Donnesche reent et ëmmer nach an et bleift mat Wandspëtzte bis deels 60 km/h lefteg.


Drastesch Ëmstellung vun der Grousswiederlag an der zweeter Wochenhallschent | Animatioun: wxcharts.com

…an duerno kënnt de Wanter zréck op Lëtzebuerg

An der zweeter Wochenhallschent erwaart eis eng drastesch Ëmstellung vun der Grousswiederlag. Elo hu mir et iwwert dem Atlantik mat héijem Loftdrock ze dinn, iwwerdeems iwwert dem Oste vum Kontinent déiwe Loftdrock läit. Doduerch gi polar mee awer och naass Loftmassen aus nordwestleche Richtungen ugezaapt, wat eis d’Wanterwieder zréck op Lëtzebuerg brénge wäert.


Déi akkumuléiert Schnéihéichte vun elo bis de Méindemoien, 28. Dezember 2020 | Grafik: wxcharts.com

Um Donneschden (Hellegowend) sinn, ier déi méi kill Loftmasse vum Owend un eragefloss kommen, am Dag nach eng Kéier kuerz bis zu 8 Grad méiglech. An de Stonnen drop falen d’Temperaturen awer an de Beräich vun den 2 Grad, an der Nuecht op de Freiden esouguer op an ënnert de Gefréierpunkt. De Reen, deen dagsiwwer nach fält, wäert den aktuelle Modellrechnunge no also vum spéidere Nomëtten u no a no kënnen a Schnéi iwwergoen. An der Nuecht op de Freide soll et eng kleng Nidderschlagspaus ginn, mee dann direkt u Chrëschtdag kéint et moies zu enger Packung Schnéi kommen. Duerch déi déif Temperature besteet dës Warscheinlechkeet net nëmme fir de Norden, mee och fir déi méi niddrëg geleeë Plazen. Am Laf vu Chrëschtdag selwer soll et erëm méi dréche ginn, d’Temperature klammen op e Maximum vu 0 bis lokal begrenzt mol 5 Grad. Déi nächst Schnéischauere sollen eis um Samsden ustoen, dat bei 0 bis 5 Grad. Parallel dozou rechnen d’Modeller mat der Warscheinlechkeet vun engem markante Stuermfeld, wat eis Stuermstéiss bis ëm 85 km/h brénge kéint. Dëst muss awer nach fir d’éischt confirméiert ginn. Weidere Schnéi soll eis dann och nach um Sonnde bevirstoen, dat bei 0 bis 4 Grad.