De Wochenausbléck: D’Héich KEVIN bréngt eis den Héichsummer zréck

Bis de Mëttwoch sti mir nach ënner stabillem Héichdrockafloss, ier dat ganzt duerno lues awer sécher un d’Wackle kënnt. Bis et esouwäit ass, hu mir mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen ze rechnen.

Lokal bis zu 35 Grad méiglech

Haaptsächlech elo an der éischter Wochenhallschent wäert et richteg waarm ginn. Um Méindemoie starte mir mat engem meeschtens kloeren Himmel an den Dag eran, just ganz lokal begrenzt ass eventuell mol e bësse Niwwel méiglech. No Wäerter, déi an de Moiesstonne gréisstendeels tëscht 10 a 16 Grad louche, ginn am Nomëtte Maximaltemperature vu 29 bis 33 Grad areecht. Laanscht Musel mee och a Géigende wéi Ettelbréck, Miersch oder Dikrech sollen déi héchst Temperaturen optrieden. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschde ginn d’Temperaturen op 19 bis 12 Grad zréck, wat dann och ongeféier déi Wäerter wäerte si, mat deene mir an den Dënschden erastarten. Dagsiwwer presentéiert sech d’Wieder bal d’selwecht wéi um Méinden, et si just eventuell minimal méi Wolleken ënnerwee. Bei 31 bis 35 Grad bleift et awer dréchen.


D’Loftmasseverdeelung bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Zweet Hallschent vun der Woch erëm manner waarm

Vum Mëttwoch u fänkt sech d’Héichdrockgebitt un ze destabiliséieren. Duerch de ganzen Dag verdeelt hu mir et mat méi oder manner kompakte Wolleken ze dinn, déi sech den Himmel mat der Sonn deelen. Et besteet dowéinst och eng kleng Warscheinlechkeet vu lokal begrenzte Schaueren an Donnerwieder. Aus aktueller Siicht kann ee just soen, dass d’Warscheinlechkeet besteet. Ob et wierklech naass gëtt, ass ofzewaarden. Et ass nach eng Kéier mat Temperature vu 27 bis 34 Grad ze rechnen. Och den Donneschde besteet eng kleng Reewarscheinlechkeet bei engem Mix aus Sonn a Wolleken, d’Temperature packen et nach op 19 bis 24 Grad. Um Freiden an och um Samsde soll et, Stand aktuell Modeller (14.09.2020 – 03:37), erëm méi sonneg ginn. D’Temperature sollen awer gläichbleiwend bleiwen a sech am Nomëtten tëscht 19 an 23 Grad ophalen. De Sonnde soll et bei méi Wolleken erëm 22 bis 26 Grad waarm ginn.