De Wochenausbléck: Donnerwiederen & eenzel Flacke méiglech

Déi nei Woch geet flott un, gëtt awer zimmlech séier méi ongemittlech. Et besteet d’Wahrscheinlechkeet vu Blëtz an Donner, zäitweis awer och vun där enger oder anerer Flack.

Ufanks nach gutt

Um Méinden hëllt den Héichdrockafloss zwar scho lues a lues of, et gëtt awer nachemol richteg frëndlech. Dagsiwwer si nëmmen e puer kleng an harmlos Wollécken ënnerwee, soudass sech d’Sonn déi meecht Zäit weise wärt. D’Temperature packen et nachengkéier an de richteg mëlle Beräich, 14 bis 19 Grad sollten am Nomëtte gemooss ginn. De Wand ass liicht spierbar aus Osten ënnerwee, dat mat Spëtzte vun em 30 km/h. Vum spéideren Owend un gëtt et scho méi wolléckeg.

Onbestänneg ab dem Dënschden

Den Dënschde steet eis eng Ännerung befir. Am Laf vum Dag beweegt sech am Virfeld vun enger Kalfront eng Konvergenz op eis duer. Bei enger Konvergenz stréimen d’Loftmassen um Buedem zesummen a si gezwongen, an d’Luucht opzesteigen. Doduerch kënne sech, zumols am Nomëtten, Schaueren an Donnerwiedere forméieren. Gréisstendeels wärten des net weider nennenswert sinn, e méi zolitt Exemplar kann awer net ganz ausgeschloss ginn. De Wand bléist frësch aus Südweste mat Spëtzte vu bis zu 50 km/h, demno wéi kënne bei engem Donnerwieder Vitesse vun ëm 60 oder 65 km/h net ausgeschloss ginn. Knëppelsteng kéinten och heiansdo dobäi sinn, déi awer éichter kleng ausfaale wärten. Et gi Maximaltemperature vun 10 bis 15 Grad areecht. Um Owend kann et weider zu Schauere kommen, d’Donnerwiederwahrscheinlechkeet geet awer staark zréck.

An der Nuecht op de Mëttwoch kënnt déi uewen ugeschwaate Kaalfront bei eis un a passéiert eis. Sou wärt et de Mëttwoch e gutt Stéck méi kill a méi wolléckeg ginn. D’Temperaturen areeche nach Maximalwerter vu 7 bis 11 Grad, de Wand bléist schwaach mat Spëtzte vun em 25 km/h aus Südwesten. Duerch déi kill Loftmassen an enger Héicht vun 1,5 km, kann et am héije Norden bei verschiddene Schauere virkommen, dass sech och mol eng Flack drënner mecht. An der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 3 Grad zréck, wou dëst nach méi wahrscheinlech wier. Eng bestänneg Schnéicouche resp. Wanterwieder ass awer auszeschléissen.

De Loftmassewiessel vun uewen vum däitsche Modell ICON (wxcharts.com)

Dono: Opwärtstrend méiglech

Déi méi kill Phase sollt sech am Laf vun e puer Deeg erhuelen. De GEFS Ensemble deit scho rem un, dass et ab dem 6. /7. Abrëll dorëmmer scho rem lues a lues méi waarem gëtt. Demno wéi kéinte mir Mëtt Abrëll bei 20 Grad, eventuell och driwwer, ukommen. Mee opgepasst: Glaskugelberäich!

Wéi gesäit et mam Wieder vir déi nächst dräi Deeg am Détail aus?