De Wochenausbléck: Ëmmer manner Reen, gläich rem 25 Grad méiglech

D’Westwiederlag gëtt an der neier Woch wuel kuerz ugehal – ze verdanken hu mir dat engem Héichdrockgebitt, wat sech vun der Nordséi hier ëmmer méi an eis Géigenden ausbreet.

Wollekegen a lokal naasse Start

Ier sech d’Héichdrockgebitt, wat vun der Nordséi hier an eis Richtunge gezu kënnt, bei eis duerchsetze ka, musse mir duerch e méi groe Wochenufank. De Méindemoie leien d’Temperature gréisstendeels tëscht 9 an 11 Grad, et ass dobäi meeschtens gro. Och Niwwelfelder kënnen dobäi sinn. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 19 Grad ze rechnen, et bleift nawell zimmlech wollekeg. Dotëscht kann och nach eng eenzel Schauer net ausgeschloss ginn. Just mat vill Chance kéint sech d’Sonn mol dotëscht weise kommen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et awer scho rem ëmmer manner wollekeg an et kläert bei 7 bis 5 Grad op. Den Dënschde weist de méi héije Loftdrock da Wierkung, et gëtt manner wollekeg an d’Sonn weist sech schon däitlech besser. Reene sollt bei engem Sonn- Wollekemix net méi, dat bei 18 bis 21 Grad. A Richtung Nuecht gëtt et scho rem ëmmer manner wollekeg.

Méi waarm Loftmasse vun der zweeter Wochenhalschend u méiglech (GFS / wxcharts.com)

Temperature klammen op d’25 Grad duer

Vun der zweeter Wochenhallschent u suergt en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik ëmmer méi dofir, dass waarm Loftmassen aus dem südlechen Europa (Mëttelmierraum) op Mëtteleuropa gelenkt ginn. Doduerch gëtt et och bei eis rem méi waarm. Den héije Loftdrock huet sech an Tëschenzäit scho bei eis breetgemaach, et ass meeschtens nëmme liicht wollekeg a schéi sonneg. Reene sollt et bei Maximaltemperature vun 18 bis 21 Grad um Mëttwoch normalerweis net. Den Donneschde soll et da schéi frëndlech bleiwen, eis Temperaturen areechen 21 bis 24 Grad.

Vum Freiden u ginn d’Loftmassen e bësse méi fiicht an domat och méi ufälleg fir eenzel Schaueren oder eventuell mol dat engt oder anert Donnerwieder. D’Déif vum Atlantik kënnt eis méi no a kéint eis um Sonnde souguer eng Loftmassegrenz zervéieren. Firdéischt ass et um Freiden awer nach déi gréisst Zäit drëchen, dat bei 22 bis 26 Grad. Mir hunn et mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn. Um Sonnde klëmmt dann och bei eis zu Lëtzebuerg eng kleng Warscheinlechkeet vun engem Donnerwieder, d’Temperaturen areechen 11 bis 18 Grad.