De Wochenausbléck: Ëmmer nach keng gréisser Reequantitéiten an Aussiicht

An der neier Wiederwoch erwaart eis kee gréissere Changement. Et bleift roueg, nennenswäerte Reen ass dobäi och net ze erwaarden.

D’Grousswiederlag

Déiwe Loftdrock läit iwwert dem skandinavesche Raum iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Atlantik ze fannen ass. Dësen Héichdrockafloss erstreckt sech de Gros vun der Zäit och op Lëtzebuerg eriwwer a gëtt nëmmen heiansdo vun eenzelnen Déifdrockausleefer gestéiert. Dohier ass d’Wieder meeschtens roueg a just heiansdo kann et mol dotëscht zu eenzelne Nidderschléi kommen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, nodeems d’Temperaturen um Moie bei tëscht 12 a 15 Grad louche sinn am Nomëtten tëscht 20 a 27 Grad ze erwaarden. Um Dënschde bleift et bei Maximaltemperature vun tëscht 20 a 25 Grad ganz änlech, och an der Nuecht op de Mëttwoch bleift den Himmel kloer bis liicht wollekeg. D’Temperature ginn op tëscht 8 an 12 Grad zréck. Um Mëttwoch zéien e puer méi déck Wolleken duerch, d’Sonn deet sech e bësse méi schwéier. Et sollt dagsiwwer awer gréisstendeels dréche bleiwen. An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Temperaturen op tëscht 11 an 13 Grad zréck, et ass mat eenzelne Schaueren ze rechnen.

Zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent ännert sech net wierklech eppes. Fir den Donneschden ass e Mix aus Sonn an e puer méi décke Wolleke virausgesot, gréisstendeels soll et bei Maximaltemperature vun tëscht 18 a 24 Grad dréche bleiwen. Um Freide soll et bei vill Sonn an 20 bis 25 Grad frëndlech bleiwen. Um Samsde kommen erëm e puer Wolleke bäi, reene soll et awer och dann net wierklech. D’Temperature klammen op 20 bis 25 Grad. Um Sonnde kommen erëm e puer Wolleken dobäi, a Saache Reen geet awer weiderhi net vill.