De Wochenausbléck: Ëmmer nach summerlech mee méi variabel

An der neier Woch ass et zwar manner waarm, kal ass et awer nach laang net. Mir hunn et ëmmer nach mat duerchschnëttleche summerlechen Temperaturen ze dinn. Vun Wiederzoustand hier gëtt et awer méi variabel.

D’Grousswiederlag

Mir hunn et gréisstendeels mat net all ze stabilem Héichdrockafloss iwwert dem Kontinent ze dinn, wouduerch ëmmer erëm Déifdrockgebitter a Kalfronten aus Westen an eist Wiedergeschéie kënnen agräifen. Dëst resultéiert dann an engem éischter variable Verlaf, wou et zäitweis zu eenzelne Schaueren oder och mol Donnerwieder komme kann.


Déi viraussiichtlech Loftmassentemperature bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Trotzdeem wäert d’Konstellatioun vun den Drockgebitter awer esou opgebaut sinn, dass et bei dësen zäitweis méi fiichte Situatiounen ëmmer nach summerlech waarm ass. Kal gëtt et also op alle Fall net.

De Verlaf

No engem naasse Start an déi nei Woch, dat duerch Schaueren an Donnerwieder um fréie Méindemoien, ass et am Laf vum Dag erëm séier méi frëndlech ginn. All ze schlecht geet et och net virun, et ass just zäitweis wou et kuerz an déi aner Richtung goe kann.

Um Dënschden erwaart eis e Mix aus Sonn a méi décke Wolleken. Dat mat den décke Wolleken zitt sech haaptsächlech vum spéidere Virmëtte bis an de Nomëtten eran, iwwerdeems ass ganz lokal mol eng kuerz Schauer net onméiglech. Op de meeschte Plaze bleift et bei 24 bis 28 Grad awer dréchen. Um Mëttwoch hu mir et mat Maximaltemperature vun tëscht 25 an 30 Grad ze dinn, bei engem Mix aus Sonn a Wolleke kënnen am Laf vum Dag eenzel Schauere net ausgeschloss ginn, e kuerzt Donnerwieder ass net onméiglech. A Richtung Owend gëtt et méi dréchen.

Um Donneschde besteet aus aktueller Siicht gesinn e klenge Risk vun deels méi kräftegen Donnerwieder, fir Detailer ass et awer nach ze fréi. Fir de Rescht wiessle sech Sonn a Wolleken of, dat bei 25 bis 29 Grad. Um Freiden ass mat 22 bis 26 Grad ze rechnen, et kann méi fréquent zu Schauere kommen an och mol Donnerwieder. Um Samsde wiessle sech Sonn a Wolleken of, et si Schaueren ze erwaarden. D’Temperature packen et op 20 bis 24 Grad. Um Sonnde gëtt et mat 17 bis 22 Grad nach e Stéckche manner waarm, et bleift awer gréisstendeels frëndlech an dréchen.