De Wochenausbléck: Ëmmer rem eng Schauer, bësse manner waarm

Um Wieder ännert sech dës Woch net all ze vill. Et bleift zimmlech variabel, dobäi klammen d’Temperature net méi grad esou héich.

D’Schauere bleiwen

An der neier Wiederwoch sti keng grouss Ännerungen un. Et bleift zimmlech variabel, nieft e puer sonnege Momenter kënnen ëmmer rem mol Schaueren duerchzéien. Et gëtt och liicht manner waarm, summerlech Temperature gi bal néierens méi areecht.

De Méinde starte mir mat engem liicht wollekegem Himmel an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad. Iwwer Mëtten an am Nomëtte klamme se op e Maximum vun 20 bis 24 Grad. Et gëtt awer méi wollekeg, lokal ass eng Schauer méiglech. An der Nuecht op den Dënschde kläert et gréisstendeels op, d’Temperature falen op 14 bis 11 Grad. Um Dënschdemoie leien d’Temperaturen ëmmer nach an dësem Beräich, et zéien eng Partie Wolleken duerch. E sonnege Moment kann och dobäi sinn. Mëttes an am Nomëtte gëtt et 20 bis 23 Grad waarm, et zéien och e puer méi kompakt Wolleken duerch. Dës kompakt Wolleke kënne plazeweis fir eng Schauer oder eventuell och e kuerzt Donnerwieder suergen. D’Reewarscheinlechkeet hale mir och iwwer d’Nuecht op de Mëttwoch bei eis.

D’Loftmasseverdeelung bis Enn der Woch (GFS – wxcharts.com)

(Nach) Keng grouss Temperaturännerung

Nodeems sech d’Temperaturen ëmmer méi un den 20 Grad orientéieren, bleift dat och an der zweeter Wochenhallschent esou. Um Mëttwoch si viraussiichtlech vill Wolleken ënnerwee, déi fir méi groussflächegen an demno wéi och méi laang unhaalende Reen suerge wäerten. Bei dem Ganze gi nach Maximaltemperature vun 18 bis 21 Grad areecht. Den Donneschde gëtt scho rem e manner wollekegen Dag, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Wéi mir et aus de leschten Deeg gewinnt sinn, sinn och da rem vereenzelt Schauere méiglech. D’Temperature beweege sech tëscht 18 an 22 Grad. De Freide gesäit den aktuelle Berechnunge no aus, wéi wa mir e puer Donnerwieder ze erwaarden hätten. 19 bis 22 Grad sinn ze erwaarden. De Samsde reent et rem manner oft, just nach heiansdo ass eng lokal Schauer dobäi. 20 bis 23 Grad sinn ze erwaarden. Um Sonnde kéint et da rem ganz dréche bleiwen, dat bei engem Sonn- Wollekemix. 21 bis 25 Grad.