De Wochenausbléck: En Héichdrockgebitt blockéiert weiderhin den Atlantik

Wat de Reen ugeet, erliewe mir de Moment déi rouegst Phas zanter laangem. Dës Woch ännert sech net all ze vill, well e grousst Héich den Atlantik souzesoen “blockéiert”. Déifdrockgebitter kënnen also net einfach sou mol op eis iwwergräifen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir hunn a kréien et weiderhi mat engem sougenannten “Héichdrockblock” ze dinn. Dat heescht, dass sech en Héichdrockgebitt iwwert eng méi laang Zäit iwwert déi selwecht Géigenden vun engem Kontinent leet.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag | Animatioun: wxcharts.com

An eisem Fall entsteet doduerch de “Probleem”, dass d’Fronten vum Atlantik net méi sou liicht op eis kënnen iwwergräifen, wat dora resultéiert, dass et net méi vill reent. Anerersäits hu mir et, wat fir d’Joreszäit üblech ass, doduerch och mat vill Niwwel ze dinn.

De Verlaf

Haut um Méinden huet d’Warscheinlechkeet bestaanen, dass sech de Niwwel méi laang an den Dag eranzitt. An Tëschenzäit huet e sech awer esou gutt wéi iwwerall opgeléist, iwwerdeems aus Nordwesten e puer Wolleken eragezu kommen. Dës kënnen ënner Ëmstänn och fir eenzel Nidderschléi suergen. Bis en Dënschdemëtte leie mir ënnert dem Afloss vun dëse Wolleken mat weiderhin de selwechte Warscheinlechkeeten, de Niwwel wierkt awer och erëm mat. Och e Mëttwoch kann et dréif bleiwe, wa sech de Niwwel net opgeléist kritt. Wann dach, da wiessele sech d’Sonn an deels méi déck Wolleken of. Den Donneschden an e Freide bleift eis den Héichdrockafloss erhalen, d’Spill mam Niwwel ass ëmmer nach dat selwecht.

Fir de Weekend steet och ëmmer nach keng gréisser Ännerung un – ausser, dass et eventuell en Tick méi kal kéint ginn.

Den Temperaturverlaf

Well sech de Niwwel besser opgeléist krut wéi erwaart, ass et haut schonn liicht méi waarm wéi berechent. Aktuell gi bis bal 17°C gemooss. Muer um Dënschde kann dat och de Fall sinn – wa net, da si mir gréisstendeels tëscht 10 a 14°C ënnerwee. Vum Mëttwoch bis e Freiden wieren tëscht 11 a 15°C ze erwaarden. Wéi et de Weekend gëtt, do si sech d’Modeller nach net esou ganz sécher. Aktuell si fir e Samschden tëscht 9 a 14°C am warscheinlechsten, e Sonnde 7 bis 10°C. Just eenzelne Berechnunge no kéint et däitlech drënner goen.